Hiweis: Am spéidere Nomëtten/Owend Schnéiflacken & duerno glat Stroosse méiglech

An de nächste Stonne gerode mir op d’Récksäit vum Déif, wat eis de Moment de ville Wand op Lëtzebuerg bréngt. Doduerch gëtt et séier méi kill, déi lescht Schauere kënne plazeweis a Form vu Schnéi erofkommen.

Advertisement

Schnéischaueren & glat Stroossen an de Stonnen drop

Et wäert viraussiichtlech kee signifikante Schnéifall optrieden, an awer geet de Risk vu glate Stroossen an d’Luucht.

D’Nidderschléi kommen elo nach als Reen erof, well mir op der mëller Säit vum Déif sinn. Elo a gutt zwou Stonne gerode mir lues a lues op d’Récksäit vum Déifdrockgebitt, wouduerch méi kill Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg fannen. Virun allem an der Nordhallschent vum Land kann et doduerch sinn, dass déi lescht Nidderschléi, déi vun dësem Déif ausginn, als Schnéischaueren erofkomme kënnen.


Signaler op liichte Schnéifall an de Modeller | Grafik: wxcharts.com

Och do wou et net schneit wäert de Risk vu glate Stroosse klammen, well eis Temperaturen am Laf vum spéideren Owend & der kommender Nuecht op tëscht -2 a -5 Grad zréckginn. Déi naass Biedem wäerten also fréieren, wat sech och op d’Stroossen auswierkt.

Wärend der Nuecht kënnt kee Nidderschlag méi rof, et zéie nach e puer Wolleken duerch an och méi kloer Momenter si méiglech.