Hiweis: An de nächste Stonne gëtt et lefteg bis stiermesch

E Randdéif beweegt sech vun de britteschen Inselen a Richtung Nordséi, wouduerch mir heiheem an e markant Wandfeld geroden.

Lefteg, lokal och mol stiermesch Entwécklunge méiglech

E Randdéif suergt an de nächste Stonne fir e spierbare Wand zu Lëtzebuerg & och bei de Noperen. D’Déif läit de Moment nach südlech vun de britteschen Inselen, kuerz no Mëtternuecht läit et méi oder manner iwwer London. Bis muer de Moie fréi soll et et dann op d’Nordséi gepackt hunn. Wärend dësem Prozess gerode Lëtzebuerg an och d’Nopëschlänner ënnert e Wand- resp. Stuermdéif. E richtege Stuerm gëtt et zu Lëtzebuerg zwar net, an awer kënne méi markant Wandstéiss mat dobäi sinn.


D’Wandvitesse ronderëmt 6 Auer eiser Zäit, AROME | Grafik: wxcharts.com

De Gros vun de Modeller ass sech driwwer eenz, dass et ronderëm Mëtternuecht ufänkt méi lefteg bei eis ze ginn. Déi éischt Spëtzte vun ëm 50 km/h, op de Koppen och mol 60 km/h, si méiglech. An enger Zäitspaan vun tëscht 3 an 10 Auer rechnen d’Modeller generell mat Spëtzte vun tëscht 50 a 75 km/h, den héichopgeléisten AROME-Modell wëll wärend potenziell méi kräftege Schaueren och mol eppes driwwer net ausschléissen. Vun 12 Auer un sollt et ufänken, no a no manner lefteg ze ginn.