Hiweis: An der Nuecht op de Méinde si lokal Wäerter vu -7 Grad an drënner méiglech

D’Nuecht op de Méinde gëtt eng richteg kal.

Bis zu -7 Grad, lokal drënner

D’Nuecht op de Méinde soll eng richteg kill ginn.

Scho vum spéidere Sonndenomëtten u soll et no a no mat eisen Temperaturen a Richtung Gefréierpunkt goen. Schonn um 19 Auer rechnen eenzel Modeller domat, dass et op den éischte Plazen op -2 Grad erofgoe kann. Am interessantste gëtt et an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Méinden, an där sech d’Temperaturen tëscht -5 a -2 Grad apendle sollen. Besonnesch an den Däller solle sech sougenannt “Kälteseen” forméiere kënnen, an deenen d’Temperaturen op bis zu -7 Grad fale kënnen. Eenzel Modellrechnunge wëllen et esouguer net ausschléissen, dass eventuell un de -10 Grad kéint gekrazt ginn. D’Warscheinlechkeet vu glate Stroossen ass net null, mee well et séch ëmt eng dréche Keelt handelt, misst et éischter op de mannste Plazen de Fall sinn.