Hiweis: Bis e Samsdemoie lokal glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss

An dëse Stonne sträifen eis méi kill Loftmassen, wouduerch et an der Nuecht och erëm zu liichtem Frascht kënnt. Glat Streckenofschnëtter kënne plazeweis erëm dobäi sinn.

Advertisement

Advertisement

Plazeweis glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss

Duerch déi méi kill Loftmassen, déi de Moment iwwert eise Käpp hänken, gëtt et an der Nuecht erëm fraschteg. Et ass mat Niwwelfelder ze rechnen – an och duerch souwisou schonn naass Biedem kann et sinn, dass et eben duerch Nätzt déi fréiert glat gëtt. D’Temperature gi viraussiichtlech op tëscht -1 an 2 Grad zréck – vollkomme normal fir e Wanter, an awer kann dat fir glat Stroossen duergoen.

D’Wiederhiweiser fannt Dir hei.

An der Nuecht op de Sonnde gëtt et wuel net méi grad esou kal, mir si mat tëscht 3 a 5 Grad ënnerwee. Fraschteg gëtt et warscheinlech erëm an der Nuecht op de Méinden, an där d’Wäerter op tëscht -3 a -1 Grad zréckginn. Dem neiste Stand no sollen d’Temperaturen am Laf vun der Woch awer erëm e gutt Stéck klammen.