Hiweis: De Weekend iwwer ass lokal Loft- a Buedemfrascht ze erwaarden

An de nächste Nuechten ass mat spatzen Temperaturen ze rechnen. Denkt also un Äer empfindlech Planzen.

Lokal esouguer Loftfrascht net ausgeschloss

An der Nuecht op de Samsde mécht sech d’Keelt vu Nordwesten hier breet. Déi nidderegst Wäerter sinn haaptsächlech an den Däller ze erwaarden, mee och soss an dësen Ëmgéigende kann et richteg kill ginn. Sou sollen déi nidderegst Temperaturen um Samsdemoie fréi bei tëscht 1 a 4 Grad leien, lokal begrenzt fläit esouguer 0 Grad. Déi Géigende mat der geréngster Warscheinlechkeet fir dës Temperature loosse sech am Raum vun der Haaptstad fannen.

An der Nuecht op de Sonnden ass erëm haaptsächlech d’Nordhallschent betraff, do kann et lokal erëm op tëscht 1 a 4 Grad zréckgoen. Am Süde soll et generell e Stéckche méi waarm ginn wéi an der Nuecht virdrun.

Fir déi zwou Nuechte gi fir déi keelst Plaze Buedemtemperaturee vun entweder ëm 0 oder liicht drënner gerechent. Et kann also unzéien.