Hiweis: De Weekend si gréisser Reequantitéiten ze erwaarden

Wéi gesot, sti mir, wat dës Woch ugeet, nach bis de Sonnde mat ënnert dem Afloss vun engem groussen Déif, wat mat séngem Kär bei de briteschen Insele läit. D’Wieder ass net nëmmen onfrëndlech, mee zumols um Samsden an och um Sonnde kann et laang um Stéck reenen. Virun allem um Sonnde sinn duerch eng Loftmassegrenz warnrelevant Quantitéite net ganz onméiglech.

Loftmassegrenz bréngt vill Reen

Dass et an eisen Ëmgéigenden zu vill Reen komme kann, ass sëcher. Allerdéngs ass nach net ganz kloer, wou genee dat meescht erofgoe wäert. Et ginn aktuell e puer Solutiounen – e puer dovu gesinn, dass dat allermeescht knapp ëstlech vu Lëtzebuerg erofkomme soll, anerer dass et haaptsächlech de Südoste vu Lëtzebuerg betreffe wäert an da ginn et och nach Iddien, dass dat ganzt Land sou vill Reen ze erwaarden huet. Kloerheet gëtt et wuel réischt am spéidere Verlaf vum Samsden.

Trotzdem kucke mir op d’Modellrechnungen. Nodeems den amerikanesche Wiedermodell GFS um Donneschdenowend haaptsächlech fir den äusserste Südoste vu Lëtzebuerg Quantitéite vun iwwer 50 l/m² brechent haat, ass den interessante Beräich elo méi wäit an de Weste gerëtscht, also op dat ganzt Land. D’Quantitéite sinn awer e bëssen zréckgaangen: Bis de Méindemoien 21. Oktober 2019 00:00 Auer sollen tëscht 35 a 55 l/m² erofkomme kënnen, punktuell bëssen driwwer. De meeschte Reen soll de Sonnden erofkommen.

Akkumuléiert Reequantitéite bis de fréie Méindemoien (GFS – wxcharts.com)

Modeller nach mat gréisseren Differenzen

Den däitsche Wiedermodell ICON rechent zwar och mat maximal ëm 55 l/m², allerdéngs haaptsächlech am Südoste vum Land. De Rescht soll tëscht 20 a 40 l/m² ze erwaarden hunn. De franséischen ARPEGE gesäit déi ganz Lag e bësse méi entspaant an huet grad mol tëscht knapp iwwer 20 an 35 l/m² am Petto. Just am äußerste Südoste vum Land soll et a Richtung 45 l/m² goe kënnen.

Also: Nach ass net kloer, wéi vill Reen et wierklech zu Lëtzebuerg wäert ginn. Gréisser Quantitéite schéngen awer zimmlech wahrscheinlech ze sinn, soudass een de Weekend op kee Fall mat guddem Wieder rechne sollt. Météo Boulaide hält déi ganz Situatioun fir Iech am Aen.