Hiweis: De Weekend verleeft zäitweis méi lefteg

De Weekend sinn zäitweis e puer där méi lefteg Perioden ze erwaarden.

E groussen Déifdrockkomplex läit iwwert dem nërdlechen Atlantik, mam Kär net all ze wäit vun Island ewech. Mir kréien et de Weekend iwwer net direkt, mee éischter iwwer Ëmweeër mat dësem grousse Komplex ze dinn. Et forméiere sech nämlech eng Partie Niewen- a Randdéifer, déi de Weekend iwwer ëmmer erëm fir Nidderschléi an deels och méi lefteg Situatioune suergen.


Variabelt Wieder duerch Déifdrockkomplex | Grafik: wxcharts.com

Mir schwätzen hei net zwéngend vu warnrelevante Situatiounen. Et soll einfach just als Hiweis déngen.

D’Situatioun ergëtt sech haaptsächlech um Samsdenowend, wou e klengt Déif iwwert der Nordséi läit. Nieft engem ganze Batz Nidderschléi kann et dobäi dem europäesche Wiedermodell ECMWF no zu Wandspëtzte vun tëscht 50 a 70 km/h kommen, op de Koppe sinn och mol bis ëm 75 km/h net ausgeschloss. Dës lefteg Period zitt sech an de Sonndevirmëtten eran.


D’Wandvitessen an der Nuecht op de Sonnden, dem ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit änlech Vitessen op eis duerkomme, lokal wieren awer och bis ëm 80 km/h net ausgeschloss, wat enger gieler Wiederwarnung entsprieche géif. Den däitsche Modell ass mat tëscht 50 a punktuell mol 70 km/h dobäi, wat awer erëm ënner d’Schwell fale géif. De franséische Modell rechent mat Spëtzte vu bis ëm 60 km/h.