Hiweis: Demnächst rem zäitweis staarke Wand méiglech

Wat d’Grousswiederlag ugeet, huet sech ëmmer nach net all ze vill geännert. Eng Westwiederlag dominéiert d’Wiedergeschéien zu Lëtzebuerg, wouduerch d’Wahrscheinlechkeet vu spierbarem Wand däitlech erhéicht ass. Mat Pech kann et awer och rem kuerz Phase ginn, wou et mam Wuert “spierbar” net méi duergeet.

Donneschdenowend a Sonnden am Fokus

Zwee Zäitpunkter, un deenen de Wand méi markant Wäerter areeche kann, sinn den Donneschdenowend (also haut) an och de Sonndenomëtten.

Haut um Donneschde passéiert eis am Laf vum Owend eng Kalfront. Wärend dem Passage vun dëser Front kann de Wand kuerz, mee plazeweis markant opdréinen. Dem amerikanesche Wiedermodell no wiere Spëtzte vun tëscht 50 a 65 km/h ze erwaarden, demno wéi och mol 70 km/h op exponéierte Plazen. Dem europäesche Modell ECMWF no kéint et souguer op 60 bis ëm 80 km/h eropgoen. Och den däitsche Modell ICON ass éischter sou agestallt, dass et op exponéierte Plaze bis zu 80 km/h kéint ginn, iwwerdeems soss awer meeschtens mat tëscht 50 a 70 km/h ze rechne wier.

Et kann ee sech scho mol sëcher drop astellen, dass et den Owend lefteg bis lokal stiermesch gëtt. Eppes Schlëmmes steet eis awer net bevir.

De Passage vun der Kalfront (ICON / wxcharts.com)

Randdéif / Schnellleefer um Sonnden

D’Situatioun vum Sonnden ass e bësse méi komplizéiert, well et sech dobäi ëmt e Randdéif / Schnelllefer handelt, deen am Laf vum Dag vun der Nordséi hier mat rasanter Vitesse a Richtung Tschechien zitt. De Kär passéiert eis viraussiichtlech nërdlech vun eis, iwwerdeems d’Déif südlech vu sech awer e Wand- resp. Stuermfeld mat sech dréit. Bei engem Randdéif ass et immens schwéier virauszesoen, wéiee Wee de Kär wierklech aschloe wäert – déi genee Positioun huet awer e groussen Afloss op déi méiglech Wandvitessen. Well et nach e bësse bis de Sonnden ass, ass de geneeë Lafwee nach net kloer – a soumat och nach net déi tatsächlech Wandvitessen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent, Stand 20. Februar 2020 00:08 Auer, mat Wandvitesse vun tëscht 70 a 85 km/h. Zumols fir d’Dikrecher Cavalcade wier dëst net ganz vu Virdeel, well de stäerkste Wand tëscht 12 a 16h ze erwaarde wier. Um Owend wandert d’Stuermfeld séier viru, soudass de Wand nawell zimmlech féx ofhuele géif. Géint 19h wiere nach maximal 70 km/h dran, bis Mëtternuecht sollt e souguer kaum nach spierbar sinn.

De GFS ass zum Gléck awer net den eenzege Modell. Déi aner Modeller, wéi z.B den ECMWF, ICON an ARPEGE gesinn den intensivsten Deel vum Stuermfeld nërdlech u Lëtzebuerg laanschtzéien. Wann d’Méiheet also Recht behält, hätte mir keng 85 km/h ze erwaarde, mee tëscht 50 a 70 km/h. An de nächsten Deeg wäerten d’Modellrechnunge wat dat Ganzt ugeet ëmmer méi konkret ginn. Ech halen Iech um Lafenden.

D’Wandfeld um Sonnden (GFS – wxcharts.com)