Hiweis: Den Owend ass kuerzzäiteg a lokal Glëtz méiglech

Eng Waarmfront fënnt den Owend hire Wee op Lëtzebuerg, wouduerch et kuerzzäiteg a lokal zu Glëtz komme kann.

Waarmfront suergt fir Risiko vu Glëtz

Wéi an de Wiederprognose fir haut ugemierkt, bleiwen déi méi kill Loftmasse nach bis an den Owend era bei eis. Am Laf vum Nomëtte setzen am Westen déi éischt Nidderschléi an, déi duerch déi nidderëg Temperature nach als Schnéireen a Schnéi erofkomme kënnen – dat besonnesch am Norde vum Land. Duerno dann, a Richtung zweet Nuetshallschent, gëtt et ëmmer méi waarm. De Grond: eng Waarmfront, déi sech iwwert déi kill Loftmasse bei eis hei ënnen um Buedem dréckt. D’Konsequenz: de Schnéi an de Schnéireen geet iwwerall a Reen iwwer. Wärend dem Iwwergangsprozess besteet kuerzzäiteg de Risk vu Glëtz, deen op de Koppen am Norden e Stéckche méi grouss ass wéi am Süden.


D’Entstéiung vu Glëtz schematesch duergestallt | Grafik: National Weather Service

Firwat ass de Risk vu Glëtz liicht erhéicht? Den Dag iwwer ass d’Buedemtemperatur no u null, respektiv drënner – dat besonnesch am Norde vum Land, wou et méi spéit jo net kann ausgeschloss ginn, dass et kuerzzäiteg nach ka wäiss ginn. A Richtung zweet Nuetshallschent kënnt d’Waarmfront bei eis un. Déi méi waarm Loftmasse leeë sech iwwert déi kill Loftmassen, déi mir hei um Buedem hunn, well waarm Loft méi liicht ass wéi kal Loft. Doduerch fält an der Héicht Reen aus de Wolleken, deen op den ënnendrënnerleiende nach gefruerene Buedem trëfft. D’Resultat: Nätzt déi fréiert / Glëtz.

Et muss net onbedingt dozou kommen, mee duerch d’Konstellatioun vun de Loftschichten ass et op alle Fall en Zenario, deen tëscht den Owend 21 Auer an dem Samsdemoien 02 Auer net onméiglech ass. Wann et optrëtt, da just lokal a nach laang net iwwerall.