Hiweis: Donnerwiederrisk bis an de Weekend eran

Zanterdeems dat méi schéint Wieder sech bei eis duerchsetze konnt, hat d’Sonn d’Soen. Elo ännert sech dëst awer, well sech zu eiser Wiermt elo och nach eng erhéicht Loftfiichtegkeet gesellt. Et gëtt méi schmeier an de Risk vu punktuell méi kräftege Schaueren oder Donnerwieder klëmmt.

Grousswiederlag

Gréisstendeels bleiwe mir an de nächsten Deeg ënner Héichdrockafloss. Allerdéngs hu mir et och mat enger sougenannter “Tiefdruckrinne” ze dinn, duerch déi ëmmer erëm nei Wolleken an doraus Schaueren an Donnerwieder entstoe kënnen. Um Mëttwoch bleift de Gros vun der Aktivitéit iwwert dem zentrale bis nërdleche Frankräich, vum Donneschden u beweegt sech déi besot Zon weider a Richtung Nordosten a leet sech iwwer Lëtzebuerg. Och um Freiden an de Samsden iwwer kann et aus dem selwechte Grond lokal begrenzt zu Schauere kommen, déi deemno wéi och méi kräfteg kënne ginn.

Dëse Wiedercharakter ass dofir bekannt, dass et, besonnesch wat Nidderschléi ugeet, vu Plaz zu Plaz zu gréisseren Ënnerscheeder komme kann. Iwwerdeems et op enger Plaz staark reent, kann et sinn, dass et nëmmen e puer Kilometer weider komplett dréche bleift. Op groussem Gebitt besteet also d’Warscheinlechkeet vu Schaueren a Wiederen, déi awer, trotz dem grousse Warscheinlechkeetsgebitt just LOKAL optrieden. Mat dobäi kënnt: duerch de luesen Héichtewand wäerte sech d’Zelle nëmme lues vu Plaz beweegen.


D’Situatioun um Donneschden (giel), d’Aussiichte fir de Freiden an de Samsde sinn och liicht hannerluecht | Grafik: wxcharts.com

Mëttwoch, 02. Juni 2021

Um Mëttwoch ass et nach am längste frëndlech, eréischt am Verlaf vum fréie Mëtten/Nomëtte komme no a no méi Wolleken an d’Land gezunn. Trotzdeem bleift et op den allermeeschte Plazen dréchen, well sech d’Aktivitéit haaptsächlech op d’Mëtt an de Nordoste vu Frankräich beschränke wäert. Trotzdem kann eee net ausschléissen, dass et am spéidere Nomëtten resp. um fréien Owend mol zu enger Schauer oder engem lokalen Donnerwieder komme kann, wat sech vu Frankräich hier a Richtung Lëtzebuerg veriiert. Schonn am Laf vum Owend geet d’Warscheinlechkeet vu Schliet erëm zréck.

Donneschden, 03. Juni 2021

Um Donneschden kënnt d’Déifdrockzon weider an den Oste virun a leet sech grob gesot vum nordëstleche Frankräich iwwer BeNeLux erop an de Norde vun Holland an an de Westen resp. Nordweste vun Däitschland eran. Och Deeler vu Baden Württemberg wäerte betraff sinn. Op dëser Fläch besteet erëm de Risk vu lokal méi kräftege Schaueren an Donnerwieder. Am Fall vun engem Schluet ass de Staarkreen dat markantst, niewebäi kënne, jee no Intensitéit, och Knëppelsteng a staark Wandstéiss optrieden. Do, wou et wärend enger méi laanger Zäit kräfteg reent, sinn och kuerz Iwwerschwemmungen en Thema, wat net ze vernoléissegen ass.

Freiden, 04. Juni 2021

Fir de Freide berechnen d’Wiedermodeller nach ee méi héije Risk fir lokal Schaueren an Donnerwieder. Wéi och fir déi aner Deeg gëllt, dass net automatesch all Schauer warnrelevant ass. Et si just e puer eenzel méi “gëfteg” Zellen dobäi, déi méi markant ausfale kënnen. De Freide soll dëst haaptsächlech iwwert dem nërdlechen a nordëstleche Frankräich de Fall sinn, jee no Modell soll d’Aktivitéit och op Lëtzebuerg iwwergräife kënnen. Och um Samsden ännert sech näischt un der Situatioun, just dass sech d’Warscheinlechkeetsgebitt méi wäit ëstlech vu Lëtzebuerg verlagere wäert.