Hiweis: Donnerwiederrisk klëmmt an der Groussregioun

D’Loftmasse gi spierbar méi schmeier, iwwerdeems eis Temperature weider klammen. An de nächsten Deeg geréit erëm lues awer sécher de Risk vun Donnerwieder an de Fokus, déi och mol onwiederaarteg ausfale kënnen.

Charakteristik

D’Donnerwieder, déi an de nächsten Deeg aus dem ugeschwaten Donnerwiederrisk eraus iwwer Mëtteleuropa entstinn, wäerten haaptsächlech vu lokaler Natur sinn. Et sinn meeschtens Hëtztdonnerwieder, déi zoufälleg iergendwou am Risikogebitt opploppen an do hiert ganzt Waasser eroflossen. Heiansdo ginn et awer och Momenter, wou d’Méiglechkeet vu gréisseren Donnerwiedersystemer besteet, wou nieft dem Risk vun zolittem Staarkreen och nach gréisser Knëppelsteng bis hin zu Stuermstéiss optriede kënnen. Déi genee Géigende, wou dëst optriede kann, si nach net wierklech kloer – aus de Modellkaarte vum fréie Mëttwochmoien hunn ech awer emol vum Donneschde bis de Sonnden jeeweils Kaarten zesummegestallt, déi weisen, wou ongeféier d’Risikozonen leien. Dëst heescht awer net, dass jiddereen an de markéierten Zonen wierklech en Donnerwieder/Onwieder ze gesi kritt.

Déi déck giel Linn weist d’Haaptrisikogebitt, déi méi dënn gestrichelt Linn den Toleranzberäich.

Donneschden, 17. Juni 2021

Iwwert dem westleche Frankräich wäert sech vum Mëttwoch un eng Déifdrockzon etabléieren, déi och nach um Donneschde wäert intakt sinn. An dëser Déifdrockzon forméiere sech um Donneschdemoie virun allem iwwert dem westleche Frankräich eenzel Hëtztdonnerwieder mam Risk vu Knëppelsteng a Staarkreen, déi spéiderhin dann zu engem gréissere System zesummewuesse kéinten an duerno an d’Belsch eranzéien, knapp u Lëtzebuerg laanscht. Zumools dem amerikanesche GFS no ass et net komplett onméiglech, dass an der Nuecht op de Freiden eenzel Zellen och op Lëtzebuerg/Weste vun Däitschland iwwergräife kënnen – wat och de Grond fir d’Ausbreedung vun der Toleranzlinn a Richtung Osten ass.

Freiden, 18. Juni 2021

De Kär vum klengen Donnerwiederdéif, wat um Donneschden zu dëser Déifdrockzon gehéiert huet an et och ëmmer nach mécht, zitt um fréie Freidemoien laanscht den äussere Weste vu Frankräich an de Norden a wäert bis an de spéideren Owend eran un der hollännescher Nordséiküst ukommen. Um Wee dohin gi weider immens fiicht Loftmassen an d’Blos vun den héichsummerleche Loftmasse gedréckt, déi nach iwwer groussen Deeler vu Mëtteleuropa läit. Duerch d’Eropzéie vun dësem klengen Donnerwiederdéif géif sech um Freiden de Risk vun Donnerwieder an eenzelnen Onwieder besonnesch iwwer d’Mëtt an de Weste vu Frankräich erstrecken an um Owend op d’Belsch an Holland iwwergräifen. Mat dobäi kënnt, dass et net nëmmen an där Sträif, mee och méi wäit ëstlech dovun, also laanscht de Südweste/Weste vun Däitschland, deels esouguer Deeler vu Nordrhein-Westfalen, zu Entwécklunge komme kann. Lëtzebuerg géif am Fall dovun och mat eragezunn ginn – déi grouss Fro ass awer ëmmer nach, ob sech wierklech schonn esou wäit ëstlech Entwécklunge weise wäerten oder net.

Samsden, 19. Juni 2021

De Samsde gëtt e weidere richteg interessanten Dag. Virlafend vun enger Kalfront, déi am Laf vum Dag aus Weste vum Atlantik hier erandréckt, entwéckle sech an der virdru genannter Déifdrockzon (bestoend aus sëllege Konvergenzlinnen) an de fiichtwaarme Loftmassen ëmmer erëm Donnerwieder. Zäitpunkt: vum spéidere Nomëtten (tëscht 15 – 18 h) un iwwert dem Südweste vu Frankräich. Vill eenzel Hëtztdonnerwieder kënnen entstoen, dorënner besteet awer och d’Potenzial vun engem gréissere System. Den amerikanesche GFS an den europäeschen ECMWF ënnerstëtzen dës Iddi (Modellstand: 16.06.2021 – 04:58 Auer) a gesinn um spéidere Samsdenowend/an der Nuecht op de Sonnden e gréisseren Donnerwiedersystem am Grenzberäich Nordfrankräich/Belsch. Dëse System soll de neie Berechnunge no westlech u Lëtzebuerg laanschtzéien, iwwerdeems um Dënschde nach d’Iddi dra war, dass och Lëtzebuerg eppes dovun erwësche kéint. E Grond dofir, firwat Lëtzebuerg innerhalb vun der Toleranzlinn läit, iwwerdeems een awer aus aktueller Siicht kloer soe kann, dass den Haaptrisk e gutt Stéck méi wäit iwwert der Belsch läit.

Sonnden, 20. Juni 2021

De Sonnde markéiert de viraussiichtlech markantsten Dag vun en all, besonnesch och wat d’Gefor vun Onwieder hei zu Lëtzebuerg ugeet. D’Déifdrockgebitt, wat um Samsde mat senger Kalfront aus Westen eragedréckt huet an iwwer Frankräich quasi mat der Déifdrockzon kollidéiert ass an doduerch Donnerwieder ausgeléist huet, dréint seng Ronnen iwwert de britteschen Inselen a schleidert doduerch seng Kalfront weider a Richtung Osten, riicht op déi fiichtwaarm an héichenergetesch Loftmassen duer. An engem grousse Beräich vun der ëstlecher Mëtt vu Frankräich bis an de Norden era forméiere sech vum fréie Nomëtten un ëmmer méi Schaueren an Donnerwieder, déi duerch d’Mëschung aus enger immens héijer Loftfiichtegkeet op Buedemhéicht, héijen CAPE-Wäerter an enger gutt ausgepräägter Wandscherung zu engem Donnerwiedersystem mat agelagerten Superzellen zesummewuesse kéinten. Dëse System géif dann den aktuelle Kaarte no um spéidere Sonndenowend an eiser Groussregioun ukommen an iwwert eis ewechzéien. Iwwerdeems den ECMWF dëse gréissere System gesäit, gesäit de GFS entlaang der Kalfront e puer méi kleng, mee gëfteg Kaliberen mat de selwechte Geforen. Sollt ënnert dësen atmosphäresche Konditioune wierklech en Donnerwiedersystem entstoen, da wieren extrem staark Stuermstéiss, zesumme mat gréissere Knëppelsteng an zolittem Staarkreen, méiglech. Mee nach ass et e gutt Stéck bis de Sonnden, dowéinst sollt een dovun ausgoen, dass sech dës Berechnunge nach X mol verännere wäerten.