Hiweis: Duerch Gefisems weiderhi glat Stroossen ze erwaarden

Wéi fir haut schonn ugekënnegt, kann et an de nächsten Deeg nach méi oft zu glate Streckenofschnëtter, Weeër an Trottoire kommen. Loosst Iech net iwwerraschen.

Advertisement

Keng dramatesch Situatioun, mee Iwwerraschungseffekter méiglech

Haut an och gëschter koum et schonn zu e puer Fäll, wou Leit sech duerch d’Ausrutschen op Weeër blesséiert hunn. An de nächsten Deeg wäert dëse Risk weiderhi bestoen, deels och nach méi verstäerkt, well duerch zouhuelend Déifdrockaktivitéit generell e bësse méi där liichter Nidderschléi wäerten ënnerwee sinn, wéi souwisou schonn.

Besonnesch vun elo un bis muer de Mëtte géint 14 Auer besteet eng erhéicht Warscheinlechkeet vu glate Stroosse, Weeër an Trottoiren. Och wa se net iwwerall glat sinn, kënnen iwwerraschend awer mol méi geféierlech Segmenter opdauchen, déi de Risk vun Accidenter an d’Luucht drécken. Dëst Gefisems ass am ganze Land ze erwaarden, besonnesch op de Koppen am Norde kënne sech zäitweis och liicht Schauere mat Schnéi oder Schnéireen amëschen. E Freide, Samschden an och Sonnden ännert sech net immens vill un eiser Wiederlag – just mat Chance kann zumools e Samschden oder Sonnde kuerz mol e sonnege Moment dobäi sinn.

Et ass also keng warnrelevant Situatioun oder grouss Nummer, mee punktuell an zäitweis kann ee wuel vum Glatäis iwwerrascht ginn.