Hiweis: En Donneschde gëtt et stiermesch, dozou kräfteg Wiedere méiglech

Den Donneschde gëtt a Saache Wand den ongemittlechsten Dag vun der Woch. Mat dobäi kënne kräfteg Schaueren an Donnerwieder optrieden, ënnert deene, wann et blöd kënnt, schwéier Stuermstéiss mat dobäi wieren

Advertisement

Markant Wiederlag steet un

En Donneschde kann eis dem momentane Modellstand no eng zimmlech interessant Wiederlag ustoen. Vum fréien Donneschdemoien u schéisst e Randdéif vum Ärmelkanal hier a Richtung Ostséi a wäert op sengem Wee net nëmme fir e stramme Wand suergen, mee et baut sech och eng instabil Loftmass op. Am Ufank kënnt et mol nach zu flächendeckendem Reen, ier et dann schonn am Virmëtten ëmmer méi zu lokaliséierten, mee kräftege Schliet soll kommen. Besonnesch vum Mëtten bis an de fréie Nomëtten era besteet aktuell déi héchst Warscheinlechkeet vun de punktuell méi zolitte Schauer- an Donerwiederzellen.


D’Modeller rechne fir den Donneschdemëtte kräfteg Schliet | Grafik: wxcharts.com

Ausserhalb vu Schaueren a Wiederen ass de Wand schonn stiermesch ënnerwee, Spëtzte vun ëm 75 km/h sinn ze erwaarden. Ënnert de kräftegsten Zelle geet de Risk vun däitlech méi héije Vitessen awer an d’Luucht, Wäerter vun tëscht 80 an 100 km/h si punktuell begrenzt net ausgeschloss. Mat dobäi kënne Knëppelsteng bis 1,5 cm am Duerchmiesser net ausgeschloss ginn.

Déi kräftegst Phänomeener triede LOKAL BEGRENZT op, nach laang net jiddereen kritt esou e markante Schluet of! Dëst ass just en Hiweis drop, dass et theoretesch eben iwwer BeNeLux an och bei eisen direkte Noperen an Däitschland esouwéi Frankräich méiglech ass.

Liicht ugehuewenen Tornado-Risk iwwer Nordfrankräich, BeNeLux a W/SW-Däitschland

Eng weider Saach, op déi mir explizit op LOKALER BASIS drop hiweise wëllen, ass d’Entwécklung vu méigleche Superzellen (Donnerwieder mat rotéierendem Opwand). Et gesäit no enger typescher High-Shear, Low CAPE Situatioun aus, wat bedeit, dass d’Changementer vun der Wandrichtung- a Vitesse op den ënneschte Kilometer vun der Loftschicht zimmlech markant sinn, iwwerdeems sech déi potenziell zur Verfüügung stoend Energie (CAPE) a Grenzen hält.


Dëse Beräich weist, wou sech dem momentane Stand no en Donneschdemëtten eenzel Superzelle kéinte forméieren

Sollten esou Superzellen entstoen, da wier an de markéierte Gebitter net nëmmen de Risk vu Knëppelsteng a schwéiere Stuermstéiss erhéicht, mee e liicht ugehuewene Risk vun engem Tornado géif och bestoen. Mee nach eng Kéier: Dëst ass just d’Beschreiwung dovun, zu wat d’Atmosphär fäheg wier, wa sech d’Modellrechnungen fir en Donneschde net méi grouss sollte veränneren. Dëst ass keng Garantie, dass sech iwwerhaapt en Tornado forméiert – e geréngt Potenzial ass awer do.