Hiweis fir déi nächst Stonnen: Mëschfront dréckt Risk vu lokalem Glëtz an d’Luucht

Aus Westen beweegt sech de Moment eng Mëschfront op eis duer. Nach leien eis Temperature beim Gefréierpunkt, primär kënnen d'Nidderschléi awer am flëssegen Zoustand erofkommen. Dëst bedeit, dass et op d'mannst punktuell zimmlech glat kéint ginn. Et heescht oppassen.

Advertisement

Advertisement

Eng Mëschfront kënnt eis méi no

De Moment läit eng Mëschfront iwwert der Mëtt vu Frankräich/Weste vun der Belsch a beweegt sech op Lëtzebuerg duer. E puer ganz schwaach Ausleefer geeschtere schonn mol duerch d’Land. Bei Temperaturen, déi aktuell tëscht -2 an 1 Grad am Norden an 1 bis 3 Grad am Süde leien, kënnen e puer Schnéiflacken drënner sinn.


Aktuellt Radarbild mat de Nidderschléi, déi um Wee sinn | Radar: windy.com

An de nächste Stonne wäerten d’Temperaturen e bësse variiéieren, zumools iwwerdeems d’Front iwwert eis ewechzitt. Am längsten hale se sech wuel an der Nordspëtzt am Beräich vum Gefréierpunkt. Wa mir vun der direkter Buedemtemperatur schwätzen, dann souwisou. An der Südhallschent kënne mir muer de Moien um 6 Auer schonn erëm bei 3 Grad landen, haaptsächlech laanscht d’Musel. Och op direkter Buedemhéicht leie mir an der Südhallschent wärend dem Gros vun der Nuecht am liichte Plus.

Konklusioun:

Iwwerall am Land besteet de Risk, dass et kuerzzäiteg glat gëtt. Am gréissten ass en awer un der Nordspëtzt, well sech de Nidderschlag deen erofkënnt (variéiert tëscht Reen, Schnéireen a Schnéi), um nach gefruerene Buedem ka festsetzen. Ganz plötzlech glat Streckenofschnëtter kéinten also eng Gefor ginn. Am Laf vum fréie Moie geet de Risk iwwerall zréck a mir starten zimmlech gro an e neien Dag.