Hiweis: Gefillt Temperature vu -10 Grad duerch staarke Wand

Duerch de spierbare Wand an de nächsten Deeg wäerte sech déi niddereg Temperature nach e gutt Stéck méi kal ufillen.

Advertisement

D’Temperature ginn däitlech an de Keller

Europa ass amgaange vu kille Loftmasse geflut ze ginn, déi tatsächlech esouguer e gutt Stéck ënnerduerchschnëttlech fir d’Joreszäit sinn.

An der Nuecht op de Sonnde ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a -5 Grad zréck, punktuell kann et duerch Inversiounslagen och mol ëm -7 Grad kal ginn. An der Nuecht op de Méinden ännert net vill, dat mat haaptsächlech -3 bis -6 Grad. An der Nuecht op den Dënschden ass et ëmmer nach net eriwwer, Wäerter vun tëscht -4 a -7 Grad gi sech erwaart. Trëtt dann erëm eng Inversiounslag op, da kann et lokal och op Lofttemperature vu -10 Grad an drënner zréckgoen. Vum Mëttwoch u ginn d’Nuechten erëm no a no manner kill.

Dagsiwwer beweege mir eis muer um Sonnde bei tëscht 0 an 2 Grad, e Méinden tëscht 2 a 4 Grad, den Dënschde bei 1 bis 3 Grad an de Mëttwoch bei 3 bis 6 Grad.

Gefillt Temperature vu -10 Grad an drënner méiglech

Bei dës Keelt dobäi kënnt an de nächsten Deeg e spierbare Wand. E Sonnde si Spëtzte bis 60 km/h méiglech, e Méinden an den Dënschde si 50 km/h ze erwaarden. D’Lofttemperatur wäert sech doduerch am Dag esouwéi och an der Nuecht däitlech méi kal ufillen. Vun den tatsächleche Wäerter kann ee bei de Wandstéiss gär mol 4 bis 6 Grad ofzéien.