
Ier eis de Weekend e méi markanten Abroch vu kale Loftmassen erwaart, kréie mir vun der nächster Nuecht un e klenge Virgeschmaach. Et gëtt fraschteg, plazeweis kënnt et zu glate Stroossen.
Plazeweis glat Stroossen ze erwaarden
Wéi virun e puer Woche gesot kënnt et mëttlerweil bal nëmme nach op déi richteg Konstellatioun vun den Drockgebitter un, ob a wéi wanterlech et gëtt. De Weekend schéngen eis jo déi éischt Flacke vun der Saison unzestoen, mee mir musse net bis dohi waarden bis mir schonn e bëssen eppes vu Wanter spieren.

An dëser Nuecht, also an där op de Mëttwoch, läit en Héichdrockgebitt iwwert dem ëstlechen Atlantik. Dëst gräift bis wäit an de Nordosten aus a schëppt däitlech méi kill Loftmassen aus dem Baltikum op Lëtzebuerg. Dëst bréngt den Effekt mat sech, dass et net nëmmen am Dag, mee virun allem an de Nuechten e gudden Tick méi kill gëtt. Duerch Nätzt déi fréiert riskéiert et plazeweis mol zu glate Streckenofschnëtter ze kommen.
De Verlaf
Den Owend dauert et awer nach e bësse, bis déi kill Loftmassen antreffen. D’Modeller rechnen domat, dass d’Minimaltemperatur eréischt muer de Moien (Mëttwoch, 22.11.2023) tëscht 7 a 9 Auer erreecht gëtt. Un der Nordspëtzt vum Land ass mat tëscht 1 a -1 Grad ze rechnen, iwwert d’Mëttesstonn beweege se sech op tëscht 1 a 4 Grad erop.
Esoubal d’Sonn erëm ënnergeet, falen d’Temperature séier. Mir beweegen eis erëm op a liicht ënnert de Gefréierpunkt duer, eenzelnen héichopléisende Modeller no kënne schonn tëscht 20 an 00 Auer am Nordweste vum Land tëscht -3 a 0 Grad erreecht ginn. Vun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Donneschden un gëtt et vun der Nordspëtzt hier méi mëll. Am längsten hält sech de liichte Frascht am äusserste Südoste vum Land, ier mir och do kuerz viru 7 Auer en Donneschdemoien erëm iwwert dem Gefréierpunkt sollten ënnerwee sinn.
Wat d’Buedemtemperatur ugeet, beweege mir eis zu de genannte keelsten Zäiten och am liichte Fraschtberäich, an dat op ville Plazen am Land. De Frascht an déi potenziell glat Streckenofschnëtter begrenze sech also net nëmmen op de Norden.