Hiweis: Haut a muer den Owend punktuell méi kräfteg Schliet méiglech

Duerch en Déifdrockgebitt, wat iwwert de britteschen Insele läit, bleift et och an de nächste Stonnen onbestänneg zu Lëtzebuerg. Punktuell ass kräftege Reen net ausgeschloss.

Warscheinlechkeet vu Schaueren an Donnerwieder

Wéi och schonn an der Nuecht op den Dënschde, besteet och elo um Dënschdenowend resp. an der Nuecht op de Mëttwoch erëm d’Warscheinlechkeet vu Schaueren. Och Donnerwieder mat punktuellem Staarkreen, Wandstéiss a klenge Knëppelsteng si net ausgeschloss. Eng änlech Situatioun steet eis an der Nuecht op den Donneschden un, mee elo mol der Rei no.

Wéi och schonn an der Nuecht op den Dënschde, besteet och elo um Dënschdenowend resp. an der Nuecht op de Mëttwoch erëm d’Warscheinlechkeet vu Schaueren. Och Donnerwieder mat punktuellem Staarkreen, Wandstéiss a klenge Knëppelsteng si net ausgeschloss. Eng änlech Situatioun steet eis an der Nuecht op den Donneschden un, mee elo mol der Rei no.

Dënschdenowend / Nuecht op de Mëttwoch

Den Dënschden iwwer beweegt sech e klengt Randdéif vum westleche Frankräich a Richtung BeNeLux a wäert sech bis Mëtternuecht bis a Nordrhein-Westfalen an Däitschland verlagert hunn. Dës fiicht Loftmasse mësche sech mat méi waarme Loftmassen, déi mir de Moment erëm iwwer Lëtzebuerg hänken hunn. Méi héich opgeléist Modeller wéi beispillsweis de franséischen ARPEGE oder den däitschen ICON wëllen en Donnerwiedersystem net ausschléissen, deen sech am Laf vum spéidere Nomëtten/fréien Owend iwwert dem ëstleche Frankräich soll. Dëse System soll dann géint Mëtternuecht oder kuerz duerno an eiser Groussregioun ukommen, e puer Ausleefer dovun awer och schonn éischter. Meeschtens kënnt et zu liichtem bis méissegem Reen – sollten awer méi markant Kären iwwert eist Land zéien, da kann et punktuell zu Staarkreen a Knëppelsteng kommen. An esou engem Fall sinn och spierbar bis hin zu stiermesch Wandstéiss net ausgeschloss. Bis an déi fréi Moiesstonne vum Mëttwoch huet sech d’Aktivitéit schonn erëm aus eiser Groussregioun erausbeweegt.


D’Situatioun fir haut den Owend, berechent vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com

Mëttwochowend / Nuecht op den Donneschden

Fir de spéidere Mëttwochowend resp. d’Nuecht op den Donneschde gesinn d’Modeller op ee Neits eng bestëmmt Schauer & Donnerwiederaktivitéit aus Frankräich op eis Groussregioun duerkommen. Dëst Reegebitt schéngt vu gréisserer Skala ze dinn, soudass méi oder manner dat ganzt Land dovu betraff wier – d’Natur seet Merci! Allerdéngs ginn et awer och Modeller, wéi beispillsweis erëm den däitschen ICON, déi an dësem Reegebitt mat méi kräftegen Zellkäre rechnen – an dëse Käre kéinte mat punktuell méi wéi 40 l/m² a kuerzer Zäit och mol onwiederaarteg Phänomener optrieden. Wann een de Gros vun de Berechnungen esou kuckt, sollten déi méi kräfteg Phänomener awer tendenziell südëstlech un eis laanschtgoen. Wa néideg, kënnt souwisou en Update.


D’Situatioun fir d’Nuecht op den Donneschden, berechent vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com