Hiweis: Leftege bis stiermesche Mëttwoch ze erwaarden

Duerch en Déifdrockkomplex iwwert dem Atlantik wéi och iwwert de britteschen Inselen gerode mir muer um Mëttwoch ënner eng stramm Südweststréimung. Et gëtt lefteg bis stiermesch.

Spierbare Wand, mee waarm

Déiwe Loftdrock dominéiert de Moment de Beräich ronderëm d’brittesch Inselen, wat och fir eis zu Lëtzebuerg nach interessant gëtt. Um Mëttwochmoie soll sech an dësem Déifdrockkomplex nach dat engt oder anert Randdéif forméieren, woubäi eent dovun um Mëttwochmoien iwwert de Weste vu Frankräich husche wäert. Doduerch gëtt et bei eis eng gutt Nummer méi lefteg – an och, well mir et iwwert dem Mëttelmierraum an och am Oste vum Kontinent mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Wéi an engem Wandkanal gëtt de Wand tëscht Déif an Héich duerchgepresst. Dës Konstellatioun bréngt eis net nëmme vill Wand, mee och waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum. De Mëttwoch gëtt de viraussiichtlech wäermsten Dag vun der Woch a läit mat de méiglechen 18 bis 21 Grad däitlech am iwwerduerchschnëttleche Beräich fir e Mount Oktober.


De viraussiichtleche Parcours vum Wandfeld dem GFS-Modell no | Animatioun: wxcharts.com

De Wand

Komme mir zréck bei de Wand: geet et dem amerikanesche Wiedermodell GFS no, dann hätte mir et an enger Zäitspaan vum Mëttwochmoie 6 Auer bis mëttes ~14 Auer mat Wandstéiss vun tëscht 40 a 70 km/h ze dinn, op exponéierte Plaze wieren och 80 km/h net ausgeschloss. Den europäeschen ECMWF gesäit dat e bësse manner staark an ass grad emol mat Wandvitesse vun tëscht 40 an héchstens 70 km/h dobäi. Un der belscher an hollännescher Küst muss mat Spëtzte vun ëm 100 km/h gerechent ginn. An den Deeg drop leet sech de Wand erëm an et gëtt a klenge Schrëtt och erëm manner mëll. D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir hei.