Hiweis: Modeller mat Onwiederpotenzial fir den Donneschden

Et ass Dënschden, dohier kënne mir mat guddem Gewëssen e bësse méi genee op den Donneschde kucken. D’Onwiederpotenzial geet an d’Luucht.

Intro

Schonn um Méinden war den Donnerwiederrisk bei eis zu Lëtzebuerg present, mee wéi gesot, huet sech dunn awer de Gros vun der Entwécklung iwwer wäiten Deeler vun Däitschland ofgespillt. Vum Onwiederpotenzial hier huet et sech iwwerall a Grenze gehalen, trotz e puer Ausnamen a Form vun Iwwerschwemmungen, wéi beispillsweis erëm am Ahrtal an Däitschland.

Wa mir op den Donneschde kucken hu mir mol direkt deen Ënnerscheed, dass d’Loftmassen däitlech méi räich un Energie sinn. D’Zutaten fir onwiederaarteg Charakteristike sinn do – déi grouss Fro ass just wéi ëmmer: wou genee wäert sech dat ganzt iwwerhaapt entlueden? Mee elo mol der Rei no.

D’Gesamtsituatioun

Mir komme vum Donneschde fir d’éischt mol kuerz op de Mëttwoch zréck, un deem summerlech bis hin zu héichsummerlech Loftmassen Lëtzebuerg erreeche wäerten – genee, zimmlech fréi wann ee mech freet, et ass ëmmer nach Fréijoer. Vum Atlantik hier beweegt sech muer am Dag en Déifdrockgebitt a Richtung Nordfrankräich a wäert sech an de Stonnen drop weider a Richtung Belsch breetmaachen. Dëst ass zwar nach net eist Haapt-Déifdrockgebitt, allerdings sinn un dësem schonn vum Mëttwochowend un deels zolitt Donnerwieder iwwert dem äusserste Westen/Nordweste vu Frankräich bis hin an d’Belsch eran méiglech. Duerch déi zousätzlech Zoufuer vu fiichte Loftmasse gëtt d’Atmosphär ëmmer méi onstabil.


D’Grousswiederlag fir de Mëttwochowend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Bis an den Donnëschdemëtten era gi summerlech bis héichsummerlech Loftmassen an eis Géigende gepompelt, iwwerdeems et ëmmer méi schmeier gëtt. Um Donneschdemëtte läit e klengt Héichdrockgebitt iwwert dem westleche Frankräich an zitt sech esouguer riwwer op déi brittesch Inselen. Weideren Héichdrock hu mir a Richtung Alpen & Mëttelmierraum leien. Dotëscht bild sech awer eng Déifdrockzon aus, déi sech vum mëttlere Frankräich erop a Richtung BeNeLux, Südwest-, West- a Nordwestdäitschland erstreckt. De Kär vun dësem klengen Déif gëtt iwwert der Grenz Däitschland/Dänemark berechent.


Potenziell turbulent Situatioun um Donneschden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den méiglechen Oflaf

An dëser Donnerwiederzon fléissen déi fiichtwaarm Loftmassen op Buedemhéicht openeen, wouduerch sech an engem energieräichen Ëmfeld Schaueren an Donnerwieder entwécklen. Eng éischt Kéier soll dat um Donneschdemoie fréi iwwer Westfrankräich de Fall sinn, ier d’Aktivitéit sech weider a Richtung BeNeLux verlagert an do duerch besser atmosphäresch Konditiounen un Intensitéit gewanne kann.

Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent am fréien Donneschdenomëtten mat engem Donnerwiedersystem, deen ongeféier vun enger Sträif vu Paräis bis erop un déi belsch Grenz soll positionéiert sinn. Dëse System soll dann bis an de spéidere Nomëtten eran BeNeLux, a soumat och op mannst e puer Deeler vu Lëtzebuerg, iwwerquéiert hunn an de Nordweste vun Däitschland erreechen. Um spéideren Owend soll de System iwwert dem nordëstlechen Däitschland a sech zesummefalen an opléisen.


D’Berechnungen dem ECMWF no (00Z Laf) | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dem Super HD-Modell vum Kachelmann no sollen eis déi éischt Nidderschléi géint 12 Auer erreechen, déi sech dann quasi iwwert eis zu Donnerwieder weiderentwéckle sollen. Eréischt am Nomëtte gëtt domat gerechent, dass méi kräfteg Entwécklungen eist Land erreechen. Duerno rechent de Modell mat enger potenzieller Donnerwiederfront, déi sech ëstlech vu Lëtzebuerg ufänke soll ze forméieren. Dës géif sech dann am Endeffekt vum Saarland iwwer Frankfurt bis op Hannover erstrecken a spéiderhin wier esouguer nach eppes iwwer Baden Württemberg an Bayern méiglech.

Eng vun den intensivsten Berechnungen huet den EZ4 dran, deen vu Mëttes un mat der Entwécklung vun engem risegen Donnerwiederkomplex rechent. Dëse soll sech am spéidere Nomëtten vu Nordholland aus iwwer NRW bis ganz erof iwwer BeNeLux bis an Deeler vum Saarland erstrecken. Mat weideren Entwécklungen um spéideren Owend wier och de Norde vu Frankräich nach eng Kéier drun, Baden Württemberg an och Bayern. Och Lëtzebuerg kéint do nach eng Kéier eppes ofkréien.

Bei egal wéi enger Léisung besteet schonn mol sécher de Risk vun staarkem bis hin zu stiermeschem Wand bis 90 km/h, Staarkreen mat engem lokalen Iwwerschwemmungsrisk, Risk vu Knëppelsteng vu bis 3 cm am Duerchmiesser an och eenzelnen agelagerte Superzellen. Sollt sech den EZ4 duerchsetzen, da wieren ënnert den intensivste Segmenter vum potenziellen Donnerwiedersystem orkanaarteg Wandstéiss bis hin zu Orkanstéiss vu wäit iwwer 100 km/h méiglech, genee wéi Knëppelsteng bis ronderëm 4 cm am Duerchmiesser an extrem zolitte Staarkreen.

Fazit

Mir wëssen elo also ongeféier, zu wat d’Atmosphär bei verschiddene Viraussetzunge fäheg ass. Et ass gewosst, wou ongeféier et zu onwiederaartegen Entwécklunge komme kann, mee nach net exakt wou. Net jiddereen op de genannte Plaze kritt en Onwieder ze gesinn, dat ass ganz wichteg ze erwäänen. Vun den Intensitéiten hier muss definitiv gekuckt ginn, wéi eng Richtung sech behaapte kann. Egal wéi wäert et iergendwou iwwer BeNeLux, Frankräich oder Däitschland zolitt kraache kënnen. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden.


Dat grafft Risiko-Gebitt fir den Donneschden