Och wann et nach immens grouss Onsécherheete gëtt: d’nächst Woch besteet de Risk vun zolitte Wand-Zenarien iwwer Mëtteleuropa. Mir maachen eng éischt Aschätzung, wat dat fir Lëtzebuerg ze bedeiten hätt.
Beweegung an der Wiederkichen hëlt zou
Zanter Enn Januar leie mir ënnert enger méi oder manner variabler Westwiederlag, bei där ëmmer erëm Déifdrockgebitter an deels Stuermdéifer iwwert eise Géigenden aktiv waren. Doduerch waren d’Temperaturen och staark volatil, wat och ee vu ville Grënn ass, firwat sech zanterdeems keng bestänneg wanterlech Wiederlag bei eis astelle konnt.
Elo an der nächster Woch geet et viru mat der variabler Westwiederlag, an deemno wéi sinn dobäi och mol méi zolitt bis hin zu geféierlech Zenarie net onméiglech – dat awer net onbedingt fir Lëtzebuerg. Dësen Artikel bezitt sech op d’Modell-Donnéeë vun haut an och aus de leschten Deeg a soll just beschreiwen, a wéi eng Richtung et goe kéint. Fest steet, dass d’Wiederkaarte, besonnesch fir déi zweet Hallschent vun der nächster Woch, onbedingt mussen am Aen gehal ginn.
D’Ëmstänn
Mir hunn staarken a stabilen Héichdrockafloss iwwert den Azoren & an der Ëmgéigend leien, deen sech och iwwert d’Mëttelmiergéigend erstreckt. Wa mir a Richtung Norde kucken, besonnesch op de Nordatlantik, brittesch Inselen, Skandinavien, dann ass do e groussen Déifdrocksystem ze erkennen. Den Héichdrockafloss am Süden & dësen Déifdrockafloss sinn optimal esou positionnéiert, dass grouss Deeler vu Mëtteleuropa quasi genee dotëscht leien. Do, wou de Loftdrockënnerscheed tëscht Héich an Déif am gréissten ass, ka sech an der nächster Woch reegelrecht eng Déifdrockstrooss opbauen, an där et widderholl zu stiermeschen Zenarie komme kann, déi och mol méi zolitt kënne ginn – besonnesch dann, wa sech weider kleng Déifdrockgebitter (Randdéifer) entwécklen.
Dass dës Grousswiederlag net ze ënnerschätzen ass, ënnersträicht nach eng Kéier den Jetstream. An der zweeter Wochenhallschent erstreckt sech dësen nämlech iwwert déi brittesch Inselen, d’Nordséi bis an de Norde vun Däitschland eran. Mam Gewëssen, dass nërdlech vum Jetstream de groussen Déifdrockkomplex läit, kann den Jetstream quasi als Iwwerhuelspuer (Fast Lane) fir Randdéifer agéieren, déi sech iwwert dem Atlantik forméieren an dann séier a Richtung Mëtteleuropa katapultéiert ginn. Duerch déi héich Dynamik do dobäi kënnen deels immens zolitt Wandstéiss optrieden, besonnesch iwwert der Nordséi.
Berechnunge fir Mëtteleuropa
Dat éischt Stuermfeld
Schonn an der Nuecht op de Méinde kann et an eise Géigenden a generell iwwer Mëtteleuropa méi lefteg an deels stiermesch ginn – en Trend, dee bis de Mëttwoch op alle Fall unhält. Duerno trëtt awer dat a Kraaft, wat iwwert dësem Abschnitt hei genannt gouf. Déi aktuell Modellrechnunge ginn dovun aus, dass an der Nuecht vum Mëttwoch op den Donneschden en éischt Stuermfeld säi Wee a Richtung Mëtteleuropa fënnt. Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass groussflächeg mat staarke Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h dobäi, dat besonnesch fir d’Nordhallschent vun Däitschland. Dëst Wandfeld soll bis an den spéideren Donneschden eran unhalen. Och den europäeschen ECMWF ass mat dëse Léisungen dobäi an huet esouguer nach méi héich Vitessen an der Berechnung, lokal kënnen et nämlech och mol bis zu 100 km/h sinn, déi an der Nordhallschent vun Däitschland flächendeckend optriede kënnen. An der Nuecht op de Freide soll séier eng Berouegung akéieren, mee nëmme fir eng ganz kuerz Zäit.
Dat zweet Stuermfeld
Esou richteg interessant gëtt et um Freiden. E Stuermdéif gëtt vum Jetstream vum Atlantik aus iwwert déi brittesch Inselen a Richtung Nordséi transportéiert an entwéckelt dobäi en zolitt Stuermfeld. Haaptächlech betraff dovun sollt erëm de Norde vun Däitschland sinn, besonnesch den äusserste Norden esouguer. Vum Freidemoie bis an d’Nuecht op de Samsden eran wier groussflächeg mat 75 bis 100 km/h ze rechnen, am Beräich vu kräftege Nidderschléi driwwer. Iwwert der Nordséi kéinten dobäi extrem Wandstéiss vun iwwer 150 km/h optrieden. An der Nuecht op de Samsde soll de Maximum iwwer d’Ostséi & Dänemark ewechzéien, mat engem Maximum vu bis zu 145 km/h.
Den europäeschen ECMWF gesäit dëst alles änlech, mee punktuell nach méi zolitt. Sou sollen um Freidenowend dem aktuelle Stand no extrem Wandstéiss vun ëm 170 km/h iwwert der Nordséi optrieden, punktuell bis zu 145 km/h un de nërdlechen hollännesche Küsten.
Lëtzebuerg
Wéi mir also bis elo gesinn hunn, besteet déi allergréisst Gefor fir de Norden an äusserste Norde vun Däitschland. Heescht dat, dass mir zu Lëtzebuerg näischt dovu spiere wäerten? Nee. Och bei eis kann et mol méi stiermesch ginn. Folgendes:
Déi éischt Kéier wou et an der zweeter Wochenhallschent zu Lëtzebuerg méi lefteg bis stiermesch ka ginn ass den Donneschden. Den europäeschen ECMWF rechent mat bis ëm 80 km/h an de Spëtzten, de GFS mat deels bis 90 km/h. Déi zweet Kéier wier um Freide selwer: den ECMWF ass mat bis zu 100 km/h dobäi, de GFS mat ëm 75 km/h. Drëtten Zäitpunkt: Samsden & Nuecht op de Sonnden – den ECMWF ass mat Vitesse bis ëm 95 km/h dobäi, de GFS mat bis ëm 90 km/h.
Wat Lëtzebuerg ugeet, schwankt et also nach staark hin an hier. Dëst wieren alles Vitessen, déi komplett normal sinn an ëmmer erëm ëm dës Joreszäit virkomme kënnen. Sollt sech d’Situatioun awer esou veränneren, dass d’Wandfelder, déi fir de Norde vun Däitschland berechent ginn, op eemol méi wäit an de Süde kommen, ass Zäit fir Alarm ze schloen. Nach ass dëst awer net de Fall an dat muss och net esou kommen, och wann de Risk dofir net 0 ass.
Standpunkt aktuell also: näischt aussergewéinleches fir Lëtzebuerg a Siicht. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!