Hiweis: Modeller rechne mat Stuerm & Schnéi fir de Sonnden

Nodeems mir un Hellegowend a Chrëschtdag op den héchste Koppe mat eenzelne Flacken ze rechnen hunn, kéint eis um Sonnden eng méi markant Situatioun duerch Stuerm & Schnéi ustoen.

Et kéint en interessante Sonnde ginn

Wéi schonn e Méinde kuerz ugeschnidde, rechnen d’Modeller elo ëmmer nach mam Potenzial vu stiermeschen Entwécklungen um Sonnden. Zäitgläich dozou soll et zu Nidderschléi kommen, déi duerch déi niddrëg Temperaturen als Schnéi fale kéinten.

Geet et dem europäeschen ECMWF no, dann areecht eis am Laf vum fréie Sonnden aus Westen e Frontesystem. Eis Temperature leien zu dësem Zäitpunkt bei tëscht 0 an 2 Grad a sollte sech am Laf vum Dag och weiderhin an dësem Beräich beweegen. Mat der Front komme Nidderschléi op, déi deels och méi staark kënne sinn. Aus aktueller Siicht gesi besteet am ganze Land d’Warscheinlechkeet vu Schnéifäll – d’Warscheinlechkeet dass eppes leie bleift ass awer erëm op de Koppen am héchsten. Egal ob Schnéi oder net, duerch Nätzt déi fréiert géif et am ganze Land awer op iergend eng Aart a Weis méi wanterlech ginn. Den amerikanesche GFS gesäit dëst bis ewell genee d’selwecht an och den däitschen ICON ass op dësen Zuch opgesprong. De Sonnde versprécht en immens interessanten Dag ze ginn.


Berechnung vum europäeschen ECMWF fir de Sonndemëtten | Grafik: wxcharts.com

Interessant wierklech, well nach e ganz anere Parameter mat dobäi kënnt: de Wand. D’Front vun dësem Déif ass nämlech net vun iergendengem Déif, mee vun engem grousse Stuermdéif. Am Beräich vun der Front, déi eis de genannten Zäitraum areeche soll, soll och de Wand gutt opfrëschen. Geet et dem europäeschen ECMWF no, dann hätte mir et mat stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h ze dinn, op de Koppe kéinte Spëtzte vun ëm 90 km/h net ausgeschloss ginn. Dem amerikanesche GFS no gëtt de Wand am Beräich vun der Front no a no méi schwaach, wat se méi an eis Géigende kënnt. Iwwerdeems op enger Sträif vu Paräis iwwer Bréissel bis erop op Amsterdam nach mat Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h gerechent gëtt, sollen et der bei eis nach tëscht 60 an 80 km/h sinn, op de Koppen eventuell bësse driwwer.


D’Schnéihéichten vum europäeschen ECMWF fir de Sonndemëtten | Grafik: wxcharts.com

Schnéiwicken

Duerch déi zwee Parameter Schnéi a Wand hätte mir et, am Fall wou sech dës Modellrechnungen esou duerchsetzen, de Sonnde mat der Gefor vu méi schwierege Fuerverhältnisser ze rechnen – eben duerch de Schnéi, deen an d’Stroosse kéint geblose ginn. Warscheinlech ass dëst haaptsächlech op den héchste Koppe vum Land, wou et och generell am warscheinlechsten ass, dass eppes vum Schnéi leie bleift. Also: de Schnéi kann iwwerall mol erofkommen, mee ob e leie bleift hänkt ganz vun der Temperaturentwécklung vun der jeeweileger Plaz of. Dass den Zenario esou antrëfft, ass net ondenkbar, virun allem, well d’Modeller dëst schonn de Méinden esou berechent hunn a bis elo ëmmer nach keng gréisser Differenze weisen. Ech halen Iech um Lafenden!