Hiweis: Muer um Samsde setzt erëm Dauerreen an

Haut um Freiden zéien e puer Schaueren duerch, deels mat Graupel. Muer geet de Schauermodus awer erëm méi an Dauerreen iwwer, d’Flëss fëlle sech virun.

Advertisement

En ongemittleche Samsden

Muer um Samsde kréie mir et erëm mat vill Reen ze dinn, och de Wand wäert eng Roll spillen – zu dësem kënnt awer nach e separaten Artikel.

D’Schaueraktivitéit haut um Freide wäert a Richtung Owend lues a lues a klenge Schrëtt ofhuelen. An der Nuecht bleift et gréisstendeels dréchen, iwwerdeems komme lues a lues méi kill Loftmassen eragezunn. Dës wäerte muer zwar nach keen all ze groussen Effekt hunn – méi awer de Reen, deen direkt hannendrun op eis duerkënnt. Eis Flëss si schonn däitlech gehuewen an och op de Wisen & Felder sammelt sech d’Waasser esou lues. Dësen Trend geet och virun, well d’Modeller bis de Sonnden inclus an esouguer driwwer eraus erëm mat nennenswäerte Reequantitéite rechnen.


D’Reequantitéite bis an de fréie Sonndemoien eran, ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Muer um Samsden ass de Kaarte no mat tëscht 15 a 25 l/m² Reen ze rechnen, eenzel Modeller wëlle bis an d’Nuecht op de Sonnden era besonnesch am Westen och mol 30 l/m² an eppes driwwer net ausschléissen. E Sonnde selwer hu mir mat manner Nidderschlag ze rechnen, tëscht 1 a 4 l/m² sollen dem aktuelle Stand no dann nach nokommen.

Weideren Ausbléck

Wa mir dann och nach de Bléck an déi nei Woch woen, da gesi mir, dass d’Modeller net ophale mat de Nidderschléi. Zwar muss awer gesot ginn, dass dëse Nidderschlag net méi komplett als Reen erofkomme wäert. De Schnéi wäert eng gréisser Roll spillen – mee och zu dem komme nach separat Artikelen.


De Reen bis de Méinden inclus, ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Op alle Fall rechnen déi meescht Modeller fir de Méinden alleng erëm mat gutt 10 l/m², eenzelner méi. Well et sech dobäi awer aller Viraussicht no och ëm Schnéi handelt, wierkt sech dëse Nidderschlag bëssen anescht aus.