Hiweis: Plazeweis spigelglat um Sonndenowend/Nuecht op de Méinden

D’Temperature rëtschen erëm an de Minus – duerch Nätzt déi fréiert ass et plazeweis spigelglat.

Notzermeldungen

D’Temperature sinn an Tëschenzäit iwwerall am Land an de Beräich vum Gefréierpunkt gefall. Wéi vill Notzer eraschreiwen, kënnt et de Moment zu glate Stroossen a lokal wier et esouguer spigelglat.

Notzermeldungen

Maacht dementspriechend lues, wa Dir mam Auto ënnerwee sidd – sief et och nëmmen um Wee bis bei den Auto.

An de nächsten Deeg bleift et weiderhi kill, mee d’Loft gëtt ëmmer méi dréchen. D’Gefor vu glate Stroosse bleift also, mee se wäert bei wäitem net méi esou grouss sinn.