Hiweis: Risk vu lokalem Glëtz vun der Nuecht bis an de Méindevirmëtten eran

An de nächste Stonne kann et duerch de Wiederchangement net ganz ausgeschloss ginn, dass Reen op de nach gefruerene Buedem trëfft. De Risk vu lokal richteg glate Streckenofschnëtter ass also net null.

Advertisement

De Verlaf

D’Wiedermodeller rechne vun der zweeter Nuetshallschent un mat engem klenge Risk vu geréngfügegem Nidderschlag, deen duerch déi méi mëll Loftmassen an der Héicht als Gefisems & liichte Reen erofkomme kann. De Buedem ass aus de leschten Deeg awer ëmmer nach gefuer – d’Konsequenz ass déi, dass lokal zimmlech glat Streckenofschnëtter net komplett kënnen ausgeschloss ginn.


De Verlaf vun de Nidderschléi bis muer an de Virmëtten eran | Animatioun: wxcharts.com

Dëse Risk wäert am Endeffekt nach laang net iwwerall a Realitéit ëmgesat ginn, mee et heescht trotzdeem opzepassen tëscht elo der Nuecht a muer de Virmëtten.