Hiweis: Risk vu punktuell zolitte Schliet bis muer de Mëtten

An de nächste Stonne kënnt eng Zon mat instabile Loftmassen aus Frankräich eropgezunn, déi eis deemno wéi gréisser Reenzomme brénge kann. Och en Donnerwieder ass net ausgeschloss. Ob warnrelevant oder net léisst sech awer nëmme kuerzfristeg ofschätzen - a wann trëfft et wéi ëmmer net jiddereen.

Kräfteg Donnerwieder iwwer Frankräich

De Moment sinn a labile Loftmassen deels kräfteg Schaueren an Donnerwieder iwwert dem westlechen Zentralfrankräich aktiv, bei deenen et zu gréissere Knëppelsteng a Stuermstéiss komme kann. Am weidere Verlaf vum Owend beweegt sech d’Zon mat den donnerwieder- a schauerufällege Loftmassen a Richtung Nordosten a wäert och iergendwann an eiser Groussregioun ukommen.


D’Blëtzaktivitéit géint 16:55 Auer iwwer Frankräich | Grafik: blitzortung.org

Zu Lëtzebuerg sinn d’Konditioune fir zolitt Donnerwieder a Schaueren zwar net méi esou gutt wéi iwwert dem zentrale Frankräich, an awer deite verschidde Modeller un, dass et vum Owend bis an de Freidevirmëtten eran zu deels kräftege Nidderschléi komme kann, déi och mol gréisser Zomme generéiere kënnen. Dem däitsche Modell ICON no sinn bis de Freidemëtte Quantitéite vun tëscht 10 a 25 l/m² méiglech, och de franséischen AROME ass mat änleche Wäerter ënnerwee. De Super-HD Modell vum Kachelmann rechent awer punktuell mat 45 l/m².


Dat simuléiert Radarbild fir muer de Moie laut AROME-Modell | Grafik: wxcharts.com

D’Situatioun ass an de nächste Stonnen also am Aen ze halen: sollte nieft dem Reen nämlech och nach Donnerwieder optrieden, da kënnen déi berechent Quantitéite séier iwwertraff ginn. De Reen ass sécher, mee ob wierklech eng lokal begrenzt méi speziell Situatioun (eben beispillsweis duerch en Donnerwieder -> warnrelevant Reenzommen) virkomme wäert, wees keen. Dëst, esouwéi och d’Wëssen ob eventuell eng Wiederwarnung néideg ass, ass eng spontan/kuerzfristeg Auskonft.