Hiweis: Um Donneschde Schnéifall bis méi wäit erof méiglech

Um leschten Dag vum Joer erwaart eis nach e bësselche Schnéi. Net nëmmen am Norde ka mol den een oder aneren Zentimeter erofkomme, mee och méi wäit doënnen.

Randdéif erhéicht Chancen op Schnéi am Süden

Duerch e klengt Randdéif, wat an der Nuecht op den Donneschden de Nordweste vu Frankräich areecht an am Laf vum Dag mat sengem Kär a Richtung Lëtzebuerg zitt, ass erëm mat Schnéifall ze rechnen. Schonn laang ier de Kär an eiser Groussregioun ukënnt, soll de Nidderschlag schonn asetzen.

De Frontesystem vun dësem klengen Déif soll eis schonn an der Nuecht op den Donneschde lues a lues aus Westen areechen. D’Temperature leien dobäi viraussiichtlech tëscht -1 an 1 Grad, meeschtens sollt also alles als Schnéi erofkommen. Besonnesch am Süden ass awer Ufank nach Schnéireen net ausgeschloss. Vum Donneschdemoien un bis an de spéidere Virmëtten era soll de Schnéifall och kënne méi staark ginn, Simulatioune no kéint d’Schnéifallgrenz bis op 200 Meter falen. Dëst wier also eng gréisser Chance fir déi méi niddrëg Géigenden, och mol Schnéi ze kréien. D’Temperature leien an Tëschenzäit tëscht -2 an 1 Grad, mee klammen am Laf vum Mëtten awer e gutt Stéck.


De Verlaf vun der klenger Front | Animatioun: wxcharts.com

Am Nomëtte sollen d’Temperaturen op -1 bis 3 Grad klammen, wat bedeit, dass et haaptsächlech am Süden erëm net méi sou einfach fir Schnéifall duergoe wäert. D’Schnéifallgrenz soll erëm op ëm 400 Meter eropgoen, de Schnéi géif deem no also iwwerall, wou et méi niddrëg ass, a Schnéireen oder Reen iwwergoen. An der Silvesternuecht gëtt et awer schonn erëm e bësse méi kill, do leien d’Temperaturen am ganze Land erëm méi no um Gefréierpunkt. Duerch Nätzt déi fréiert soll et erëm kënne glat ginn, e puer lescht Schnéischauere si net ausgeschloss. U Neijoer soll et méi dréche virugoen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht -1 an 3 Grad. Sonneg Momenter sinn ze erwaarden.

Schnéihéichten

Um Schluss dann nach déi simuléiert Schnéihéichten vun den eenzelnen ausgesichte Modeller:

Nordhallschent & Koppen:

  • GFS: 2 bis 4 cm
  • ECMWF: 4 bis 13 cm
  • ICON: 1 bis 3 cm
  • ARPEGE: 5 bis 14 cm

Moyenne: 3 bis 8,5 cm

Südhallschent:

  • GFS: 0,5 bis 2 cm
  • ECMWF: 2 bis 5 cm
  • ICON: 0 bis 2 cm
  • ARPEGE: 1 bis 5 cm

Moyenne: 0,875 bis 3,5 cm