Hiweis: Um Méinde gëtt et plazeweis stiermesch

An der Nuecht op de Méinde gerode mir ënner eng staark südwestlech Stréimung. Doduerch gëtt et net nëmmen aussergewéinlech mëll, mee och de Wand gëtt en Thema.

Kuerz viru Kalfront lefteg bis lokal stiermesch

De Méinde gëtt en interessanten Dag zu Lëtzebuerg. Am Fokus stinn zwar éischter d’Temperaturen, déi deemno wéi u verschiddene Statiounen d’Rekorder vum 6. November 2011 (wäermst Novembertemperatur zanter Opzeechnungsufank) areechen oder eventuell knacke kéinten. Niewebäi gëtt de Wand awer och en Thema – et trëtt en änlechen Szenario an, wéi e schonn den 23. Oktober hei um Site ugeschwat gouf.

Déi staark südwestlech Stréimung kënnt duerch Déifdrockgebitter iwwert dem nërdlechen Atlantik zustanen – als Ënnerstëtzung déngt Héichdrockafloss iwwert dem südlechen Europa – iwwert dem Mëttelmier – wat dozou féiert, dass waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an och aus dem nërdlechen Afrika an eis Géigenden transportéiert ginn.


Haaptsächlech op den héchste Koppe sinn um Méinden eenzel Stuermstéiss net onméiglech | Grafik: wxcharts.com

Um Méindenowend passéiert eis eng Kalfront. Wärend dem Passage vun dëser Front kommen abrupt méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg. Net nëmme wärend dem Passage, mee och schonn am Virfeld kënne méi staark Wandstéiss optrieden. Et ass mat tëscht 40 a 60 km/h ze rechnen, op de Koppe si punktuell begrenzt bis zu 75 km/h net ganz onméiglech. E richtege Stuerm ass dat net, mee éischter stiermesch Wandstéiss oder och Stuermstéiss, déi heiansdo optriede kënnen. Duerch weider Blieder, déi vun de Beem fale, ginn d’Stroossen erëm schmiereg.