Hiweis: Um Méinde kuerzzäiteg Gefor vu Glëtz

Vum Sonnden un ännert sech eist Wieder zu Lëtzebuerg. Um Méinde kënnt den Ännerungsprozess op en Enn, wat vun engem kuerzzäitege Risk vu Glëtz markéiert gëtt.

Waarm Loftmassen drécke sech iwwer kill Loftmassen

De Prozess, deen eis de Méinden erwaart, hu mir dëse Wanter schonn e puer mol gesinn. An de leschten Deeg hate mir et mat immens kille Loftmassen ze dinn, déi d’Temperaturen zu Lëtzebuerg färem op d’Knéie gezwongen hunn. D’Deeg vum Dauerfrascht si gläich awer gezielt: schonn vum Sonnden u gëtt et méi mëll, dat mat positiven Temperaturen. Am fréie Méindenomëtte soll eis aus Westen eng Waarmfront areechen. Dobäi fléissen an der Héicht schonn waarm Loftmassen op Lëtzebuerg, iwwerdeems et bei eis hei ënnen um Buedem nach zimmlech kill bis déifgefruer ass. De Reen aus der Héicht geréit also zimmlech spéit an déi méi kill Loftmassen hei ënnen um Buedem an huet net méi genuch Zäit, sech bis zum Zäitpunkt vum Opprall erëm zu Schnéi ëmzewandelen. Den Effekt: et reent éischtens bei Minusgraden an zweetens ka sech all flësseg Drëps vun uewen direkt um gefruerene Buedem festsetzen. Mir hu Glëtz.


D’Entstéiung vu Glëtz schematesch duergestallt | Grafik: National Weather Service

De Modellrechnunge no besteet dës Gefor um Méinden awer just kuerzzäiteg, sou op tëscht 09 a 14 Auer soll dëse Risk anzegrenze sinn. Fir d’éischt ass de Norden drun, spéiderhin och de Rescht vum Land. Ganz am Ufank kann et och nach sinn, dass et op den héchste Koppe vum Land kuerzzäiteg nach schneit. Ass d’Front bis duerch, erwaart eis an de nächsten Deeg e variable Mix aus ville Wolleken, Reen, e puer sonnege Momenter an deels och mol méi leftege Phasen. Am spéidere Verlaf sinn dotëscht och weiderhin erëm wanterlech Situatioune méiglech.