Hiweis: Um Samsdemoie plazeweis Buedemfrascht méiglech

De Samsdemoien erwaart eis wuel de keelste Momnet vum Weekend. Et ka fir Buedemfrascht duergoen.

D’Temperaturentwécklung

Um Freide gi Maximaltemperature vun tëscht 9 an 12 Grad erreecht – ier et dann an der Nuecht op de Samsde no a no méi kill gëtt. D’Wäerter kënnen dobäi esouguer e gréissert Stéck erofgoen, wat op d’Loftmassentemperatur iwwert eise Käpp zréckzeféieren ass: eis erwaart nämlech e Schwall u kille Loftmassen, importéiert aus dem méi héije Nordoste vum Atlantik.

Fir eis um Buedem bedeit dat, dass mir et an der Nuecht op de Samsden an och um fréie Samsdemoie mat nidderegen Temperaturen ze di kréien. D’Wäerter ginn bis an de Moien eran op tëscht 3 a 5 Grad zréck, besonnesch an den Däller sinn 1 bis 2 Grad net ausgeschloss. Wat d’Loftmasse betrëfft géife mir jo dann nach e Stéckchen iwwert dem Gefréierpunkt bleiwen, mee wéi gesäit et mam Buedem selwer aus? Kann et unzéien? Wa mir eis dës Berechnungen ukucken da fält op, dass et wuel zu verschiddene Keelt-Däller komme kann, an deenen d’Wäerter op direkter Buedemhéicht op tëscht -1 an 1 Grad zréckgoe kënnen. Sinn d’Stroosse fiicht, da sinn och glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss.