Hiweis: Um Samsdemoie si glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss

Op der Récksäit vum ZEYNEP komme kuerzzäiteg méi kill Loftmassen eragezunn. Dohier ass fir de Norden och en Hiweis viru glate Stroossen aktiv.

Lokal glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss

An de nächste Stonne ginn d’Temperaturen däitlech méi wäit zréck, wéi dat an de leschten Deeg de Fall war. Bis muer de Moie fréi sollen d’Wäerter besonnesch an der Nordhallschent op tëscht -1 an 2 Grad zréckgoe kënnen. D’Biedem sollte nach zimmlech naass sinn, wat a Verbindung vun dem lokale Frascht also dofir suerge kann, dass et mol zu glate Streckenofschnëtter kéint kommen. Dohier ass elo en Hiweis fir d’Nordhallschent vum Land aktivéiert ginn.

Änlech Situatioune sinn och an de nächsten Deeg net ausgeschloss, och eng kleng Warscheinlechkeet vu Flacke besteet iwwert déi nächst Deeg. Méi dozou fannt Dir hei: LINK