Hoer an der Zopp: Eng Stéierung dréckt d’Reewarscheinlechkeet an d’Luucht

Den héije Loftdrock spillt zwar dës Woch d’Haaptroll, an awer ass vu muer u mat enger Stéierung ze rechnen. De Reen gëtt erëm méi warscheinlech.

Advertisement

Déifdrockgebitt dréckt sech dotëscht

Bis haut hält sech mol nach den héije Loftdrock iwwert dem Gros vu Mëtteleuropa. Iwwer Nuecht forméiert sech dann um Rand vun engem gréisseren Déif, wat mat sengem Kär iwwert dem Nordatlantik läit, e weidert klengt Déif iwwert de britteschen Inselen. Dëst Déif gräift seng Ärm dann och a Richtung Lëtzebuerg aus, wat bedeit, dass eis schéint Héichdrockwieder gestéiert gëtt – dat duerch Reen. De Konstrukt aus héijem Loftdrock iwwert dem europäesche Kontinent gëtt also geschwächt, e Freiden an och e Samsde probéiert e weidert klengt Déif aus Osten e klengen Afloss op eist Wieder ze hunn. Net wonneren also, wann et elo an der zweeter Wochenhallschent heiansdo naass gëtt. D’Sonn bleift awer trotzdeem un eiser Säit.


Déiwe Loftdrock wëll onbedingt e Wuert matschwätzen | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Déi meescht Modeller sinn sech driwwer eenz, dass eis muer (Donneschden) am Laf vum spéidere Virmëtten de Reen aus Weste méi no kënnt. Dësen hält sech bis an de Nomëtten eran, ier en dann duerno an de Schauermodus iwwergeet. Dat heescht, dass et zwar zu sonnege Momenter dotëscht komme kann, mee och ëmmer erëm eng Schauer ze erwaarden ass.

Dat besotent Déif läit e Freide quasi genee iwwert dem zentrale BeNeLux a suergt bis an de Nomëtten era mat enger erhéichter Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren. D’Sonn verschwënnt, wéi gesot, awer net ganz. E Samsde sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, d’Schauere ginn awer lues a lues méi rar. E Sonnde geet d’Warscheinlechkeet weider erof.

A Richtung Méinde sinn schonn erëm Maximaltemperature vun 12 bis 15 Grad méiglech.