Hoffnung: Aktuelle Modeller no bestinn geschwënn Chancen op Summer-Comeback

De Summer huet eis elo schonn eng Zäitchen de Réck gekéiert. De neiste Berechnunge no kéint dës Paus awer geschwënn eriwwer sinn, d’Modeller denken iwwert e Summer-Comeback no.

Advertisement

FIr d’éischt ass awer nach Gedold gefrot

D’Modeller fänken zwar un Undeitungen op e Comeback vum Summer ze maachen, mee et geschitt och net vun haut op muer. Fir de Rescht vun dëser Woch bleift et mol nach immens variabel duerch Schaueren, zäitweis méi laang unhalende Reen, e spierbare bis stiermesche Wand an zréckhalend Temperaturen.

Geet et dem amerikanesche Modell GFS no, da kéint sech am Laf vun der nächster Woch en Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa forméieren, wat sech fir a gutt enger Woch géif a Richtung Osteuropa verlageren. Zur selwechter Zäit gëtt iwwert dem ëstlechen Atlantik Déifdrock simuléiert, wouduerch dann eis typesch Summer-Grousswiederlag géif entstoen: Aus Spuenien kéimen dann däitlech méi waarm, jo esouguer héichsummerlech Loftmassen a Richtung Lëtzebuerg geschwappt, wat dann also wierklech e richtege Comeback vun eisem Summer géif bedeiten. Schonn zanter gëschter schafft de Modell un dëser Iddi – eng Saach vun der Onméiglechkeet ass et also net.


Nach mat Virsiicht ze genéissen: D’Modeller schléissen d’nächst Woch e Summer-Comeback net aus | Animatioun: wxcharts.com

Och den europäesche Modell ECMWF mécht änlech Undeitungen, dat aus aktueller Siicht gesinn awer mat net grad esou héijen Temperaturen. Den amerikanesche Modell gesäit gutt iwwer 30 Grad op eis duerkommen, den europäeschen eppes knapp drënner.

Natierlech ass dat alles nach net an dréchenen Dicher, mee wéinstens mol en Hoffnungsschimmer fir all eis Summerfrënn. A sollt et esou kommen, da misst ee sech natierlech och d’Fro stellen, ob dat sech iwwert eng Zäitchen hale kann, oder ob de Konstrukt erëm séier a sech zesummefällt an et dann erëm mat engem änleche Modus virugeet, wéi mir en de Moment hunn.