Holland: Tornado zitt duerch Zierikzee, 10 Blesséierter an 1 Doudesaffer

E Méindenomëtten ass en Tornado iwwer Zierikzee ewechgezunn. Eng Géigend, an där mir Lëtzebuerger gäre mol eis Vakanz verbréngen. Titelbild: De Schelde Colijn

Een Doudesaffer, 10 Blesséierter…

… dat schreift d’Norichtenagence AFP. Den Tornado huet sech am fréie Nomëtte, géint 13 Auer, iwwert der Küstegéigend vun Zierikzee, Zeeland forméiert. Enger éischter Estimatioun no soll et sech ëmt en Tornado vun der zweeter Stuf op der Fujita-Skala, also en F1 Tornado, gehandelt hunn. Dës generéiere Wandvitesse vun tëscht 118 an 180 km/h. Meteorologesch gesinn war et also en éischter schwaachen Tornado, deen awer trotzdeem fir markante Schued gesuergt huet. Et gëtt vun 10 Blesséierte geschwat, eng Persoun soll de Stuerm leider net iwwerlieft hunn.

Dëst sinn e puer Fotoen a Videoe vum déidlechen Tornado:

Twitter: