Hurrikan-ähnleche Stuerm am Mëttelmier

E raren Ubléck, mee dëst Joer scho vir d’zweet: Am Mëttelmier forméiert sech an dëse Stonnen e sougenannte “Medicane”. Dëst ass e Stuerm, deen Ähnlechkeete mat engem Hurrikan huet.

Zolitte Wand a vill Reen

Duerch déi héich Temperaturen un der Waasseruewerfläch forméiert sech an dëse Stonnen aus engem Déif e Stuerm, deen op de Wiederkaarten ähnlech ausgesäit wéi en Hurrikan. An tatsächlech: En huet méi tropësch Eegeschaften opzeweise wéi aussertropësch.

An der Nuecht op de Freiden wärt e sech dem franséische Wiedermodell ARPEGE no lues a lues strukturéieren an intensivéieren. D’Wandvitessen ereeche scho Spëtzte vun ëm 100 km/h, dobäi kommen iwwert dem Mëttelmier scho Reequantitéite vu bis zu 148 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen eroof. De Stuerm wärt de ganze Freide laang quasi stationär bleiwen a weider u Kraaft tanken, soudass de Wand an de Reen méi staark ginn.

Ab dem Samsdevirmëtte soll Beweegung an daat ganzt kommen: De Stuerm ass net méi stationär, mee beweegt sech lues a lues a Richtung Griecheland. Mat Wandvitesse vun ëm 150 km/h an zolittem Reen, deen Iwwerschwemmungen ausléise kann, soll de Medicane dann op d’Géigende vu Kalamata, Chania an Heraklion treffen.