Hurrikan CHRIS zitt a Richtung Europa

Et ass Hurrikansaison. Gëschter Owend (10.07.2018) huet sech den Tropestuerm “CHRIS” zu engem Hurrikan vun der éichter Kategorie intensivéiert.

Zuchrichtung Europa

Den Hurrikan CHRIS, deen de Moment Wandvitesse vun 136 km/h an der Moyenne ereecht (Spëtzte bis 168 km/h), zitt de Moment a nordöstlech Richtunge weider a beweegt sech domadden vum US-Festland ewech. Soumadde besteht kee Risk vun engem Landfall.

Aneschters gesäit et awer vir Deeler vu Kanada aus. De Stuerm wärt vum fréien Donnëschdemoie bis an de Nomëtten era knapps virun der Küst vu Nova Scotia laanschtzéien a virun allem vir e méi raue Wellegang suergen. Méi wäit nordöstlech wärt de CHRIS wahrscheinlech bei Saint Johns u Land treffen. Bis dohinner sollt e sech awer, opgrond vu méi kille Waasseruewerflächentemperaturen, rem zu engem tropesche Stuerm ofschwächen.

Grafik: WXCHARTS.eu

Modellrechnungen an och de Berechnunge vum National Hurricane Center no bleift de CHRIS bis de Sonndën en tropësche Stuerm a wärt sech bis dohinner bis kuerz virun d’schottësch Küst verlagert hunn. Sollt de Stuerm bis dohinner nach als “Tropestuerm” klassifizéiert sinn, da kann et virun allem un der Nordküst zu Stuerm- bis Orkanstéiss kommen. Gleeft een dem aktuelle Laaf vum GFS (amerikanesche Wiedermodell), sollt de Stuerm awer mat de stärkste Wandstéiss knapp laanschtzéien, soudass un de Küsten héchstens stiermësch Wandstéiss ze erwaarde wieren. Héich Welle wärten awer trotzdem en Thema ginn, egal wéieen vun de genannte Fäll antriede wärt.

Hei de viraussiichtleche Wee vum CHRIS, engkéier vum amerikanesche Wiedermodell GFS an engkéier direkt vum NHC (National Hurricane Center):

Grafik: WXCHARTS.eu

National Hurricane Center

Grafik: nhc.noaa.gov