Hurrikan DORIAN nach Kategorie 2, Warnunge fir d’US- Ostküsten

Den Hurrikan DORIAN huet sech an Tëschenzäit ofgeschwächt, Orkanstéiss an Iwwerschwemmunge sinn awer ëmmer nach ze erwaarden.

Sou lues kënnt rem Beweegung an d’Spill

Den Hurrikan DORIAN war iwwer 24 Stonne laang bal stationär iwwer Grand Bahama, dat als Kategorie 4/5 Stuerm. Déi nordwestlech Bahamas waren also zimmlech laang Wandvitesse vu gutt iwwer 250 km/h, enorme Reequantitéite vun iwwer 300 l/m² an héije Wellen ausgesat. Verschidde Géigende louche souguer bis annerhalwe Meter ënner Waasser.

An Tëschenzäit ass den Hurrikan net méi quasi stationär, mee beweegt sech mat enger Vitesse vun 8 km/h a Richtung Nordwesten. An der Moyenne bléist de Wand nach mat 175 km/h, an de Spëtzte ginn 210 km/h areecht (Stand 03.09.2019 – 20:37 Auer eiser Zäit)

Informatiounen zum Stuerm vum National Hurricane Center fannt Dir 24 Stonnen den Dag ënnert dësem Link.

De weidere Parcours vum DORIAN (National Hurricane Center)

Weider Ofschwächung ze erwaarden

Bis de Freide wäert sech de Stuerm laanscht d’US- Ostküste vu Florida, Georgia, South Carolina a North Carolina schlängelen. Iwwerdeems wäert e no a no un Intensitéit verléieren. De National Hurricane Center huet awer ëmmer nach eng Hurrikanwarnung fir Port St Lucie, Melbourne, Palm Bay a Palm Coast aktiv. Méi wäit am Norden, zu Brunswick a Savannah (Georgia) ass eng Warnung viru Wandstéiss mat der Stäerkt vun engem Tropestuerm eraus a fir North Charleston a Mt. Pleasant (South Carolina) rem eng Hurrikanwarnung. D’Ostküst vu North Carolina steet bis bal op Virginia ënnert enger Hurrikan- Virwarnung.

Firwat hunn déi eng Géigenden eng Hurrikanwarnung an anerer eng Tropestuerm-Warnung? Et ass sou, dass d’Aen vum Stuerm mat grousser Wahrscheinlechkeet iwwert dem Mier bleiwe wäert an op séngem Wee a Richtung Nordwesten an duerno Nordosten (also laanscht d’Ostküsten) ënnerschiddlech wäit vun de Küsten ewech wäert sinn. Ass d’Aen méi no un der Küst, wat d’Wahrscheinlechkeet vu Wandvitessen, déi engem Hurrikan entsprieche, méi grouss ass. Do wou d’Aen viraussiichtlech méi wäit baussen um Mier bleiwe soll, ass eng Tropestuerm-Warnung-/ Virwarnung aktivéiert ginn. Nieft de Stuermwarnungen ass un alle betraffene Küstegebitter mat enger markanter Stuermflut ze rechnen.

Bis erop op North Carolina soll den DORIAN dem aktuelle Stand no en Hurrikan vun der zweeter Kategorie bleiwen. Iwwert de Weekend soll e sech op Nova Scotia zoubeweegen a nach virdrun op déi éischt Kategorie erofgesat ginn. Duerno wäert den DORIAN als Ex- Tropestuerm (aussertropësche Stuerm) viraussiichtlech tëscht dem 9. an dem 12. September op eise Wiederkaarten ze gesi sinn.

Den DORIAN op séngem Wee a Richtung Europa (GFS – wxcharts.com)