Hurrikan KIRK: Iwwerreschter kéinten eis en Donneschden erreechen

De KIRK ass e staarken Hurrikan vun der véierter Kategorie, deen de Moment matten iwwert dem Atlantik läit. Aktuelle Berechnunge no kéint en eis am Laf vun der nächster Woch als posttropescht Stuermdéif erreechen.

Advertisement

Staarken Hurrikan matten um Atlantik

Den Hurrikan KIRK ass de momentan stäerkste Stuerm um Planéit a läit matten iwwert dem Atlantik. Mat duerchschnëttleche Wandvitessen vun 220 km/h entsprécht seng Intensitéit engem Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala.


Den aktuelle Satbild-Loop vum KIRK | Animatioun: tropicaltidbits.com

Entstanen ass en duerch eng tropesch Depressioun, déi sech de 29. September knapp südwestlech vun de Kap Verden forméiert hat. De Status vun engem Tropestuerm hat e schonn den 30. September erreecht. Op sengem Lafwee läit nëmmen d’Mier a kee Land – fir de Moment mol nach

Iwwerreschter kéinten Europa erreechen

De momentane Berechnunge no bleift d’Intensitéit um Samschde nach bal identesch zu elo, ier de Stuerm e Sonndemoie viraussiichtlech op en Hurrikan vun der drëtter Kategorie erofgestuft gëtt. Schonn géint 14 Auer geet et de Berechnunge no weider op déi zweet Kategorie erof.


Déi aktuell Berechnung vum National Hurricane Center iwwert de weidere Lafwee vum KIRK | Grafik: NHC, hurricanes.gov

De momentane Projektioune no ass ze erwaarden, dass de KIRK de Méindemëtten e puer 100 km westlech vun den Azoren nach en Hurrikan vun der éischter Kategorie wäert sinn, dat mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun ëm 140 km/h. 24 Stonne méi spéit soll de Stuerm zu engem posttropeschen Zyklon ginn – et bleift also e Stuerm, mee e verléiert seng tropesch Eegeschaften. An der Nuecht op de Mëttwoch soll de Stuerm op d’Biskaya esouwéi och de Südoste vun England treffen, fir duerno iwwert den Ärmelkanal och iwwer gréisseren Deeler vu West- a Mëtteleuropa fir Stuerm ze suergen.

Den amerikaneschen eosuwéi och europäesche Modell rechnen domat, dass d’Iwwerreschter vum KIRK entweder um Mëttwochowend oder en Donneschdemoien fir Stuerm an eise Géigende suerge kéint.

Fazit

Well esou Stierm immens schwéier virauszesoe sinn, gouf an dësem Artikel vill mam Konjunktiv geschafft. Sollten d’Modeller iwwert déi nächst Deeg konsistent bleiwen, da sollt een de Stuerm definitiv am Aen halen. Stand elo ass awer, op d’mannst mol wat Lëtzebuerg ugeet, nach alles op. Et sief awer gesot, dass dëst net déi éischt Kéier wier, dass en ehemolegen tropesche Stuerm en Afloss op eis geholl huet – dat kënnt ëmmer erëm mol vir.