Hurrikan LESLIE ënnerwee a Richtung Portugal

Den Hurrikan LESLIE, deen iwwrëgens schon zanter dem 23. September aktiv ass, wärt de neiste Modellrechnunge no wuel als Ex-Hurrikan op d’portugiesëscht Festland treffen.

No laanger Rees: LESLIE soll u Land goen

Den Hurrikan LESLIE ass zanter dem 23. September 2018 aktiv. Dëst ass och de Grond, firwaat amerikanësch Medien de Stuerm a leschter Zäit als Zombie-Hurrikan bezeechnen – normalerweis ass en Hurrikan oder en Tropestuerm just wéineg Deeg um liewen.

No sénger laanger Rees soll et um spéide Samsdenowend/fréie Sonndëmoie sou wäit sinn: D’Wiedermodeller rechnen domat, dass de Stuerm als Ex-Hurrikan op der Héicht vu Lissabon, oder der Ëmgéigend dovunner, u Land treffe wärt. Déi simuléiert Intensitéite sinn dobäi nawell ënnerschiddlech. Dëst gesi mir unhand vun engem Modellvergläich.

ARPEGE


(klicken/tippen vir grouss Usiicht)

Laut dem franséische Wiedermodell ARPEGE trëfft d’LESLIE um Sonndëmoie mam Kär kuerz no Mëtternuecht op der Héicht vu Lissabon oder knapp drënner u Land. Zumools un de Küsten wier dobäi mat Wandvitesse vu bis zu 130 km/h ze rechnen, ier de Wand u Land selwer séier un Intensitéit verléiert. Trotzdem ass mat Spëtzte vun 80 bis 100 km/h ze rechnen.

GFS


(klicken/tippen vir grouss Usiicht)

Den amerikanësche Wiedermodell GFS rechent de Kär vum LESLIE kuerz no Mëtternuecht knapp südlech vu Lissabon. D’Stuermfeld begrenzt sech dobäi op d’Küsteregioun an de Nordwesten/Westen vun der Algarve. A Strandgéigend si Spëtzte bis 140 km/h méigleg, u Land kënne nach bis zu 105 km/h ereecht ginn.

ICON


(klicken/tippen vir grouss Usiicht)

Den däitsche Modell ICON bréngt mat Ofstand déi extremst Léisung. De Simulatioune no soll de Stuerm mam Zentrum op der Héicht vu Coimbra u Land treffen an en extremt Stuermfeld mat sech féieren. A Strandgéigend, zumools südwestlech vu Coimbra, wier mat Wandspëtzte vu bis zu 200 km/h ze rechnen. Och u Land wier nach mat extreme Wandvitessen ze rechnen. Well dëst awer déi eenzeg Léisung ass, déi soueng extrem Werter uweist, sollten éichter d’Simulatioune wéi de GFS oder den ARPEGE antreffen.