Hurrikan MILTON: “Tornado-Outbreak” iwwer Florida am Virfeld vum Stuerm

D’Aen vum MILTON läit elo just nach 160 Kilometer vun der Küst ewech, mee elo schonn ginn et signifikant Auswierkungen: Am Virfeld hu sech eng Rëtsch staark Tornadoe forméiert. An de nächste Stonnen ass eng 3 bis 5 Meter héich Stuermflut ze erwaarden.

Advertisement

Nëmme nach e puer Stonne bis “Landfall”

Et verginn just nach e puer Stonnen bis den immens geféierlechen Hurrikan MILTON als Hurrikan vun der drëtter Kategorie a Florida u Land geet. Dëse “Landfall” wäert viraussiichtlech am Raum Sarasota, Osprey, North Port a Longboat Key geschéien. Aktuell ass de Stuerm nach en Hurrikan vun der véierter Kategorie a produzéiert Wandvitesse vun an der Moyenne 230 km/h. Seng Wandstéiss krazen un den 300 km/h.


Aktuell Radaranimatioun vum Stuerm. Ofgebillt ass d’Wollekentemperatur un de Spëtzten | Animatioun: tropicaltidbits.com

Wärenddems de Stuerm u Land geet, ass nach mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun 205 km/h ze rechnen, wat ëmmer nach immens staark ass. De Wand ass allerdéngs net den eenzege Problem: De Stuerm bréngt eng massiv a katastrophal Stuermflut mat sech, dat mat Héichten vun tëscht 3 a 5 Meter – punktuell nach méi héich. Verbreet ass mat grousser Zerstéierung ze rechnen, den Hurrikan ass elo schonn een vun de stäerksten zanter dem Ufank vun den Observatiounen.


De weidere Lafwee vum Hurrikan MILTON iwwerdeems en u Land geet | Screenshot: zoom.earth

Zur Erënnerung: De MILTON hat sech tëscht dem 6. Oktober 17 Auer an dem 7. Oktober 17:55 a minimal méi wéi 24 Stonnen vun engem Tropestuerm an een Hurrikan vun der héchster, fënnefter Kategorie verstäerkt. Esou massiv Intensivéierungen sinn ënnert anerem e Resultat vun immens waarme Mieresuewerflächentemperaturen, déi duerch de Klimawandel weider zouhuelen. Wat méi waarm, wat méi Waasser verdonscht. Wat méi Waasser verdonscht, wat méi potenziell Energie an d’Atmosphär geréit.

“Tornado-Outbreak” am Virfeld vum MILTON

Wärend dësen Artikel geschriwwe gëtt, sinn 15 Tornadowarnungen aktiv. An de soziale Medien sinn schonn e puer spektakulär Biller vu staarken an deels och groussen Tornadoen ze gesinn, déi am Virfeld vum MILTON iwwer Deeler u Land ewechzéien, wou den Hurrikan selwer geschwënn mol eréischt ukënnt. Et sinn net déi Florida-typesch Tornadoen: Duerch d’atmosphäresch Konditioune gesi verschiddener esou aus, wéi wann se aus der Tornado Alley kéimen. Nieft dëse virlafende Stierm kënnt et och schonn zu Iwwerschwemmungen.