Hurrikan-Saison: Den Atlantik schéngt ze erwächen

An dëser Hurrikansaison ass et bis ewell fir just 3 tropesch Wirbelstierm duergaangen, en Hurrikan war nach net dobäi. An awer erwaarde sech d'Meteorologe vun der NOAA eng iwwerduerchschnëttlech Hurrikansaison.

Hurrikansaison bis ewell zimmlech roueg

D’Hurrikansaison, déi all Joer vum éischte Juni bis den 30. November dauert, ass bis ewell zimmlech roueg verlaf. Dräi Stierm konnte sech bis elo entwéckelen, nämlech d’Tropestierm Alex, Bonnie an och de Colin. Déi dräi Stierm ware net staark genuch fir zu den Hurrikanen ze zielen – en offiziellen Hurrikan gouf et dës Saison also nach net.


Den Update vum Outlook fir d’Hurrikansaison 2022 | Grafik: noaa.gov

Trotzdeem erwaarde sech d’Meteorologe vun der NOAA eng iwwerduerchschnëttlech Saison, an dat mat enger Warscheinlechkeet vu 60%. D’Warscheinlechkeet fir eng normal Saison géing bei 30% leien an déi fir eng ënnerduerchschnëttlech Saison bei 10%. Erwaart gi sech 14 bis 20 Systemer, déi och e Numm kréien – dorënner 6 bis 10 Hurrikanen an 3 bis 5 “Major Hurricanes”. Ënnert engem Major Hurricane versteet een en Hurrikan, deen op mannst der drëtter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala zougeschriwwe gëtt.

Saison kéint geschwënn un d’Rulle kommen

Et ka sinn, dass déi bis ewell roueg Hurrikansaison geschwënn op en Enn goe kéint. Iwwert dem Atlantik ginn et de Moment dräi Systemer, déi op mannst eng geréng Warscheinlechkeet fir eng markant Weiderentwéckelung opweisen. Eng vun den dräi Stéierungen (Disturbances) läit iwwert dem nërdlechen Atlantik. Dës huet eng 10%eg Warscheinlechkeet, sech zu engem System ze forméieren. Direkt virun der afrikanescher Westküst hu mir eng weider Stéierung, déi eng 20%eg Entwécklungschance huet.


Dräi aktiv Stéierungen (Disturbances) sinn de Moment iwwert dem Atlantik aktiv | Grafik: hurricanes.gov

Eng drëtt Stéierung hu mir de Moment iwwert dem zentralen tropeschen Atlantik. Dës huet mat 60% déi héchst Warscheinlechkeet, fir sech an Zäit vun de nächsten zwee Deeg an en Tropestuerm an fläit duerno och an en Hurrikan ze intensivéieren. Fir déi nächst 5 Deeg besteet esouguer eng 80%eg Warscheinlechkeet dofir.


D’Simulatioun bis haut an enger Woch vum europäeschen ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

De Wiedermodeller no soll den zukünftege Stuerm knapp nërdlech un den Antille laanschtzéien a sech a gutt enger Woch iwwert dem Atlantik ouni Landfall zu engem staarken Hurrikan ginn.