Hurrikansaison: Den Atlantik erwächt esou lues | Tropestuerm HILARY iwwer Mexiko & West-USA

Lues a lues kënnt richteg Schwong an d’Saison vun den Tropestierm. Een dovun ass haut a Mexiko u Land gaangen a beaflosst och de Westen vun den USA.

Advertisement

Noutstand wéinst Tropestuerm HILARY

Den Tropestuerm HILARY läit de Moment knapp südwestlech vu Baja California, Mexiko a wäert an de nächste Stonne mat sengem Kär un der Küst laanscht a Richtung Norden zéien. Muer um Méindemoie soll de Stuerm am US-Bundesstaat Nevada ukommen, nodeems en iwwert de Süde vu Californien ewechgezunn ass. Den Aflossberäich vum Stuerm betrëfft awer ebe net nëmmen den Zentrum vum Déif, mee gräift wäit ronderëmt aus.


Déi aktuell Positioun vum HILARY (Stand 20.08.2023 – 20:08) an de weidere Parcours | Grafik: NOAA/NHC

D’HILARY erreecht de Moment duerchschnëttlech Wandvitessen vun 112 km/h, Spëtzten driwwer. D’Wandfeld erstreckt sech iwwert de Gros vu Baja California an elo schonn sinn och déi südlechst Spëtzten vu Kalifornien & Arizona betraff. Bis e Méindemëtten ass um Lafwee vum Stuerm mat Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 40 an 100 l/m² ze rechnen, punktujell begrenzt fënnt een awer och méi extreem Wäerter op de Kaarten mat tëscht 150 an 300 l/m². Wa mir beim der genannter Zäitspaan bleiwen, erstreckt sech de Beräich mam meeschte Reen iwwert de Beräich deen tëscht Indio, Long beach, Los Angeles, Las Vegas, Reno, St. George an Elko läit.

Et ass also, genee wéi et schonn a Mexiko de Fall ass, mat Iwwerschwemmungen an duerch de Wand mat Schued ze rechnen. De Gouverneur Gavin Newsom hat schonn e Samsden fir gréisser Deeler vu Südkalifornien de Noutstand ausgeruff.

Den Atlantik “brodelt”

Iwwert dem Atlantik, mee awer och dem Golf vu Mexiko a karibesche Mier, ginn et de Moment vill Beräicher, déi ee muss am Aen halen. Den Tropestuerm EMILY huet sech beispillsweis an de leschte Stonne forméiert a läit matten iwwert dem Mier. De Stuerm soll dem National Hurricane Center no e Mëttwoch a Richtung Norden dréinen, sech an eng tropesch Depressioun ofschwächen an iwwert dem Mier bleiwen. Eng weider tropesch Depressioun läit net wäit ewech vu Puerto Rico a soll sech dem momentane Stand no och geschwënn opléisen.


Déi aktuell Situatioun iwwert dem Atlantik, der Karibik & dem Golf vu Mexiko | Grafik: NOAA/NHC

Eng däitlech méi interessant Saach kéint sech an de nächsten Deeg iwwert der ëstlecher Karibik ofspillen. Südlech vu Puerto Rico a südëstlech vun der Dominikanescher Republik läit e Gebitt mat Schaueren an Donnerwieder, wat dem NHC no eng 90% Chance huet, all Moment zu engem tropesche Stuerm unzewuessen. Wier dat de Fall, dann kéinten eben och Landesdeeler vun der ëstlecher Karibik getraff ginn. Eng weider “Stéierung” mat 70%eger Warscheinlechkeet fir eng Tropestuerm-Formatioun gëtt et fir en Donnerwiedegebitt knapp westlech vum südlechen Zipfel vu Florida. Sollt sech hei e Stuerm forméieren, da kéint et fir de Nordoste vu Mexiko esouwéi och de Südoste vun Texas méi interessant ginn.

En Déifdrockgebitt mat engem Koup Donnerwieder läit de Moment och iwwert de Kap Verden. D’Warscheinlechkeet, dass sech an de nächste 7 Deeg doraus eng tropesch Depressioun forméiert, läit bei 60%. Et kënnt ëmmer erëm vir, dass sech déi meescht Tropestierm an Hurrikanen virun der Küst vun Afrika forméieren a sech um Wee a Richtung Amerika virunentwéckelen. Dohier ass dëse Beräich immens gutt am Aen ze halen.