Immens vill Reen: Januar 2025 war plazeweis de naassten zanter 17 Joer

Zumools am Raum Rued (Ell), Holtz a Pärel huet et an de vergaangenen 31 Deeg däitlech méi wéi 200 l/m² gereent. E puer Stationsrekorder goufe gebrach.

Advertisement

Nei potenziell Rekorder un ASTA-Wiederstatiounen

Anescht wéi MeteoLux, déi just eng Wiederstatioun um Findel hunn, bedreift de staatleche Wiederdéngscht vun der ASTA 39 Statiounen déi iwwerall am Land verdeelt stinn. Un dësen, mee awer och u verschiddene private Statioune, konnten am Januar 2025 nei Statiounsrekorder opgestallt ginn. Eng Bestätegung vun offizieller Säit steet awer nach op.

Un der ASTA-Wiederstatioun zu Ueschdref huet et dëst Joer bis ewell 202 l/m² gereent, Stand 29.01.2025. Zanterdeems koum awer nach e bësse vun do uewen erof, wat bedeit, dass déi finall Zomm nach méi héich läit. D’Statioun mësst zanter 2008 – an zanterdeems (17 Joer) war just de Januar 2018 mat 162 l/m² änlech naass. Och aner Statiounen aus dem ASTA- an AGE-Netzwierk hunn opfälleg Zomme gemooss, dorënner sinn Rued (zanter 2010) mat 199,7 l/m², Dol (zanter 2008) mat 149,4 l/m² a Kautebaach (zanter 2015) mat 139,8 l/m². Hir Rekorder stamen aus dem Joer 2018 a louchen deemools der Rei no bei 186,7 l/m², 114,8 l/m² an 105,2 l/m². Bei dëse Wäerter handelt et sech ëm ausgesicht Statiounen aus dem benannte Netzwierk, och un anere kënne nei potenziell Rekorder opgetruede sinn.

Net nëmmen dat offiziellt Netz vun der ASTA huet esou héich Reenzomme gemooss, mee och verschidde privat bedriwwe Statiounen. Eng dovu steet net wäit vun der ASTA-Statioun zu Rued ewech an huet am Januar 2025 bis ewell 211,27 l/m² gemooss. Wa mir dann och nach op d’Donnéeë vum Wiederradar vu Neuheilenbach, deen eist Land 24/7 no Nidderschléi scannt, mat abezéien, da belafe sech d’Reenzommen och dësem no op tëscht 200 an 222 l/m² am Raum Holtz, Pärel a Rued.

Naasste Januar zanter op d’mannst 13 Joer an der Gemeng Bauschelt

Un der semiprofessioneller Wiederstatioun, déi Météo Boulaide zanter 2011 bedreift (éischte volle Jores-Datesaz ab 2012), konnt och e neie Statiounsrekord erfaasst ginn. Bis ewell huet et 177,4 l/m² gereent, wat de Rekord aus dem Joer 2012 (120,6 l/m²) ëm +47% iwwertrëfft. Op dëser Grafik gesi mir déi akkumuléiert Reenzomme fir de Januar 2025: Gutt ze gesinn ass déi markant Héichdrockphas an der Mëtt vum Mount, déi sech duerch eng laang Nidderschlasgpaus bemierkbar gemaach huet.


Déi akkumuléiert Reenzomme fir de Mount Januar 2025 | Grafik: Météo Boulaide

Un dëser Statioun, déi zu 9633 Baschleiden steet, läit déi duerchschnëttlech Nidderschlagszomm fir e Januar bei 72,1 l/m² – bezunn op eis inoffiziell 10-järeg Referenzperiod vun 2012-2022. Dës Miessrei wäert am Laf vun de nächste Woche vun enger neier, héichpräziser Wieder- a Klimastatioun fir d’Gemeng Bauschelt virugefouert ginn. Méi dozou deemnächst.


D’Januar-Nidderschlagszommen fir dës Statioun zanter 2012 | Grafik: Météo Boulaide