Info: Lefteg bis stiermesch um Mëttwoch

Déi lescht Deeg vum meteorologesche Summer gëtt et a Saache Wand nach eng Kéier interessant. E Stuermdéif kann eis um Mëttwoch, Stand elo, stiermësch Wandstéiss bréngen.

Virdéischt nach kuerz méi waarm

Ier Lëtzebuerg an den Aflossberäich vum Wand/Stuermfeld kënnt, geroden um Dënschde virdéischt mol nach eng Kéier kuerz méi waarm a summerlech Loftmassen op Lëtzebuerg. Den Dënschde läit d’Stuermdéif mat séngem Kär iwwert de Britteschen Inselen, iwwerdeems mir et iwwert dem ëstlechen Europa mat engem Héichdrockgebitt ze dinn hunn. Duerch dës Konstellatioun gerode fir eng kuerz Zäit méi waarm Loftmassen aus dem Südweste vun Europa op Lëtzebuerg, wouduerch um Dënschde lokal erëm bis zu 25 Grad kënnen areecht ginn. De Mëttwoch verlagert sech de Kär weider a Richtung Osten an zitt iwwert den äusserste Norde vun Däitschland ewech.


Virum Wandfeld fléisse nach eng Kéier méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg. Kaart: wxcharts.com

Südlech vum Kär dréit dëst Déifdrockgebitt e Stuermfeld mat séch, wat och eist Wieder heiheem zu Lëtzebuerg beaflosse wäert. Nach ka kee soe, wéi staark de Wand wierklech gëtt, eppes extremes sollt eis awer net erwaarden. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat Spëtzte vun ëm 65 km/h, den europäeschen ECMWF ass awer mat Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h scho méi stramm ënnerwee. Egal wéi ee Modell sech duerchsetzt: bei dëse Vitesse kënnen d’Beem, well se, anescht wéi am Wanter, hier Blieder nach hunn, vill méi liicht ëmfalen. Et ass mat Dreck an de Stroossen ze rechnen.

Modellvergläich Wandspëtzten


Kaart: wxcharts.com

Vill Reen huet dëst Stuermdéif fir Lëtzebuerg awer net dobäi: et kann dagsiwwer wuel zu eenzelne Schauere kommen, de meeschte Reen fält awer haaptsächlech un de Nordséiküsten. Quantitéite vun tëscht 50 an 100 l/m² sinn do ze erwaarden, iwwerdeems et bei eis um Mëttwoch héchstens mol sou ëm 4 l/m² kënne ginn.