D’Iwwerreschter vun engem Hurrikan sinn elo a Richtung Irland ënnerwee. Dëst kënnt zwar reegelméisseg vir, an awer wäert dat Auswierkungen hunn.
Advertisement
D’Geschicht vum ERNESTO
Den ERNESTO ass um Owend vum 12. August zu engem Tropestuerm ginn – nëmme knapp ëstlech vu Guadeloupe. De 14. August huet de Stuerm nërdlech vu Puerto Rico d’Stäerkt vun engem Kategorie 1-Hurrikan erreecht, déi stäerkt Phas ass de Stuerm tëscht dem 15. August 23:00 Auer an dem 16. August 23:00 duerchgaangen. En huet et op déi zweet Kategorie gepackt, wat an dësem duerchschnëttleche Wandvitesse vun 155 km/h entsprécht.
Zanterdeems ass e weider iwwert den Atlantik a Richtung Norden an duerno Nordosten gezunn, fir dann gëschter knapp südëstlech vu Neifondland de Status vun engem aussertropesche Stuerm ze erreechen. Aktuell läit den ERNESTO e puer 100 Kilometer westlech vun de britteschen Inselen, wäert an der kommender Nuecht awer op Irland treffen.
Weidere Lafwee a säin Afloss
Wéi gesot, trëfft den Ex-ERNESTO den Owend nach op Irland – fir genee ze sinn ronderëm Mëtternuecht. Un de Küsten rechnen déi héichopgeléist Modeller mat Wandspëtzte vun tëscht 100 an 130 km/h, all ze vill Reen bréngt de System hei awer net. Méi gëtt et am Südweste vu Schottland, hei kënnen an Zäit vun e puer Stonnen bis ëm 60 l/m² zesummekommen (deels och méi).
Déi lescht Iwwerreschter vum Stuerm treffen en Donneschdemëtten op d’Nordséiküsten, dat mat Vitesse bis ëm 100 km/h, punktuell 120 km/h. Besonnesch betrëfft dat viraussiichtlech den äusserste Nordweste vun Holland.
Zur selwechter Zäit kënnt vum Atlantik e weidert Déif eragezunn – e sougenannt Randdéif. Dëst trëfft an der Nuecht op de Freiden op England, dat op e Neits mat Stuermstéiss bis an den 100-er Beräich. E Freidemëtte läit dëst Stuermfeld och erëm iwwert der Nordséi a streckt seng Füleren nach e Stéck méi wäit op de Kontinent selwer aus. Nieft Wandvitesse vun op e Neits 100 km/h un de Küsten ass also och z.B. zu Lëtzebuerg mat engem spierbare Wand ze rechnen, deen ëm déi 60 km/h kann erreechen. Näischt spezielles, an awer spierbar.