
Mat offiziell gemoossene Wandspëtzte vu knapp iwwer 180 km/h ass den Orkan Éowyn an der Nuecht op Irland getraff – dat mat enger Intensitéit, wéi een se och vun engem Hurrikan kennt.
Advertisement
Allzäit-Landesrekorder goufe geknackt
De Moie fréi huet den Orkan Éowyn säi Maximum erreecht, besonnesch uerg huet et de Weste vun Irland getraff. Hei gouf un der Wiederstatioun zu Mace Head eng maximal Wandspëtzt vun 183 km/h gemooss, iwwerdeems déi duerchschnëttlech Wandvitesse bis zu 135 km/h erreecht hunn. An den zwee Fäll gouf dobäi den ale Rekord aus dem Joer 1945 vun 182 km/h an 131 km/h geknackt. Och vill inoffiziell Miessungen hu Wandspëtzte vun tëscht 150 an 200 km/h registréiert. Well d’Wiederstatiounen de Moie fréi nom “Peak” opgehalen hu mat iwwerdroen, ass et net ausgeschloss, dass hir Dateloggeren nach eppes méi gemooss hunn. Op anere Plazen am Land hu sech déi héchst Vitesse meeschtens tëscht 100 an 140 km/h opgehalen.
Sun rising over #StormÉowyn on satellite images. pic.twitter.com/3oS7hzArY7
— Carlow Weather (@CarlowWeather) January 24, 2025
Wier dëse Stuerm en Hurrikan am Atlantik gewiescht, dann hätt een e kënnen als high-end Kategorie 1 oder low-end Kategorie 2 Hurrikan kënnen astuufen. Dëst war awer net de Fall, well dëse Stuerm en aussertropeschen Zyklon ass. Zumools duerch d’Haaptmierkmol, engem sougennante “Sting Jet”, konnten dës extreem Wandvitessen optrieden. De Stuerm hat sech Mëtt der Woch matten iwwert dem Atlantik forméiert a war d’Resultat dovun, dass äiskal Loftmassen aus Nordamerika eraus op den däitlech méi waarmen Atlantik gezu sinn. En zousätzlech immens staark ausgepräägten Jetstream mat Wandvitesse vu 400 km/h a 9 Kilometer Héicht huet och markant zur Entwécklung bäigedroen.
Power outages latest information shows 715,000 premises without power now and Powercheck website is coming under pressure. #StormÈowyn pic.twitter.com/B7gOpphWmX
— Carlow Weather (@CarlowWeather) January 24, 2025
Dem Stroumubidder ESB Networks no waren/sinn 715.000 Haushalter a Geschäfter ouni Stroum – dat ass bal dat duebelt wéi deemools, wou den Orkan OPHELIA am Joer 2017 iwwert d’Land ewechgezu war. Esou eng héich Unzuel u Pannen gouf et nach ni.
De weidere Verlaf, e neie Stuerm?
Momentan läit d’Stuermfeld vum Orkan iwwer Schottland an England, wou un der Wiederstatioun vum zweethéchste Bierg vun der Pennines-Biergerketten an der Mëttesstonn 194,5 km/h gemooss goufen. Um Cairnwell a Schottland hunn d’Wandstéiss am Virmëtten tëscht 150 an 170,4 km/h erreecht. Bis an den Owend eran verlagert sech de kräftegsten Deel vum Stuermfeld an de Nordoste vu Schottland, fir dann mat sengem Groussdeel iwwert der Nordséi ze leien. Vu muer de Moien u muss ee sech a Norwegen drop astellen, dass et richteg stiermesch gëtt: Op enger Sträif vun Haugesund bis erop op Floro kënne Wandvitesse vu bis zu 130 km/h optrieden. E Sonnde wäert dem Stuerm iwwert der norwegescher Séi esouwéi och iwwert dem äusserste Weste vum Land esou lues d’Loft ausgoen.
Zur selwechter Zäit erreecht e Sonndemëtten e neie Stuerm déi brittesch Inselen. Dozou awer an engem separaten Artikel méi.