Italien: Äerdrëtsch a Bullislawinne no schroe Wiederen de Weekend op Sizilien

Eng gutt Woch no de schroe Wiederen am Mëttelmierraum sinn elo de Weekend op ee Neits Äerdrëtsch, Bullislawinnen, Iwwerschwemmungen, Tornadoen an esouguer en Äerdbiewen opgetrueden. Besonnesch betraff war de Süde vun Italien.

Op ee Neits Chaos an Italien

Et ass eréischt gutt eng Woch hier, dass Deeler vum Mëttelmier vu schroen Onwieder erwëscht gouf. Am schrosten hat et Ischia getraff, wou Leit blesséiert goufen an tragescherweis och gestuerwe sinn. Wéi ugekënnegt, huet et de vergaangene Weekend op ee Neits an Italien gekraacht.

Süde vun Italien staark getraff

Iwwer Kalabrien, direkt nieft Sizilien, stung d’Waasser esou héich an de Stroossen, dass d’Hëllefsekippen mat Schlauchbooter hu missen d’Leit a Sécherheet bréngen. Et ass grousse Materialschued entstanen, glécklecherweis gëtt awer vu kenge Blesséierte geschwat. Op Sizilien ass et zu sëllegen Äerdrëtsch an och Bullislawinne komm – vill Stroosse ware/sinn doduerch blockéiert.

Wéi et och ze erwaarde war, huet sech iwwert dem Oste vu Kalabrien och en Tornado forméiert. Der europäescher Datebank fir Onwieder no ass en Tornado iwwer Isola di Capo Rizutto ewechgezunn. Vun der Intensitéit hier ass en vun der Intensitéit hier als F2 op der Fujita-Skala klasséiert ginn, dat mat Wandvitesse vun tëscht 181 an 253 km/h – dëst ass mam Tornado vu Péiteng vum 9. August 2019 ze vergläichen.

Weider Fäll vun Tornadoe gouf et zu Serrara Fontana (Neapel), Anzio (Roum), Rio Marina (Livorno) a nach een zu Livorno selwer.

Zousätzlech ass nordëstlech vu Sizilien a südwestlech vun de Lipareschen Inselen och nach en Äerdbiewen vu 4,6 op der Richterskala opgetrueden. Iwwer gréissere Schued ass awer näischt bekannt.


D’Aërdbiewen visualiséiert op der ShakeMap | via erdbebennews.de

Ischia & Venedeg

Op Ischia, also a Richtung Mëttelitalien, hu vill Awunner d’Deeg a Sécherheet verbruecht. No de schroe Wiedere vu viru gutt enger Woch war och dës Kéier d’Angscht erëm grouss, dass de staarke Reen op ee Neits schro Bullislawinnen an Äerdrëtsch lasstriede géif. D’lescht Woch waren 11 Menschen, dorënner e Bëbee an zwee aner Kanner, ëm d’Liewe komm.

Wéi d’Medie melle, wieren zu Venedeg op ee Neits Flutschutzklappen eropgefuer ginn. Den effiziente System “Mose” mat méi wéi 78 mobile Klappen hëlleft dobäi, dass d’Géigend bei Héichwaasser net iwwerschwemmt gëtt. De Waasserstand vu viru gutt enger Woch war awer de bis ewell drëtthéchsten, mat dem et de System zanter senger Installatioun am Joer 2020 ze dinn hat.