Italien & Balkan: Weideren zolitte Reen kënnegt sech un, Iwwerschwemmunge méiglech

Mir musse leider schonn erëm e Bléck op d'Mëttelmier geheien. Et huet erëm ugefaange mat reenen, bis de Sonnde kënne plazeweis méi wéi 200 l/m² erofkommen.

Ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter

Iwwert dem Mëttelmier forméiere sech ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter – respektiv et kommen Déifdrockgebitter eriwwergezunn, déi sech dann weider verstäerken. Zréckzeféieren ass dat ëmmer nach op eng, mat der Loftmass verglach, héich Waasseruewerflächentemperatur. Et forméiere sech ëmmer erëm Nidderschléi an d’Déifdrockgebitter intensivéieren sech. Esou kënnt et a leschter Zäit ëmmer erëm dozou, dass Wiederlagen mat zolittem Reen an Iwwerschwemmungen entstinn.


Wéi d’Déif aus Portugal iwwer d’Mëttelmier ewechzitt | Animatioun: wxcharts.com

Dat selwecht Déifdrockgebitt, wat elo rezent schonn erëm fir schro Iwwerschwemmungen zu Lissabon gesuergt huet, huet et an Tëschenzäit an d’Mëttelmier gepackt. De Moien huet et iwwer Sardinien an der Corse schonn méi kräfteg gereent, bis an den Owend eran wäert sech d’Nidderschlagsgebitt vun Arezzo iwwer Roum bis erof op Neapel & Santa Maria zéien. D’Quantitéite sollte sech mat gréisstendeels 30 – 70 l/m² awer nach a Grenzen halen.


D’Reequantitéite bis den Donneschdemoie Mëtternuecht | Grafik: wxcharts.com

De selwechte Reen erreecht um spéideren Owend resp. an der Nuecht op den Donneschden nach de Westbalkan, dorënner Albanien, Montenegro, Bosnien a Kroatien. Besonnesch am Norde vun Albanien, direkt un der Grenz zu Montenegro a Kosovo, sollen de Modeller no lokal bis ëm 100 l/m² méiglech sinn.

A nach en Déif kënnegt sech un

Vu muer un zitt e sougenannt Vb-Déif (ausgeschwat 5b) vu Spuenien aus an de Mëttelmierraum eran a wäert fir weider kräfteg Nidderschléi verantwortlech sinn. Dës Kéier sinn e bësse méi nërdlech geleeë Géigende betraff. D’Déifdrockgebitt verlagert sech mat sengem Kär laanscht den äusserste Süden a Südoste vu Frankräich an ass net nëmme fir vill Reen verantwortlech, mee och fir gréisser Schnéimassen an den italieneschen a schwäizer Alpen.


D’Verlagerung vum nächste Vb-Déif mat weidere kräftege Nidderschléi | Animatioun: wxcharts.com

Duerch dëst Déif, an e puer weider Schaueren déi bis de Sonnden nach nokommen, sinn akkumuléiert (inklusiv dem Reen vun haut) knapp iwwer 100 l/m² op der Corse ze erwaarden, iwwer Sardinien punktuell 80 l/m². Wat de Gros vu Westitalien betrëfft gëtt mat tëscht 45 an 110 l/m² an de Spëtzte gerechent.

Deeler vu Bosnien, Südkroatien, Montenegro a Nordalbanien sollen dat meescht ofkréien. Vill Modeller rechnen a Richtung 250 l/m² Reen.