Italien & de Balkan: Iwwer 10 cm grouss Knëppelsteng & zolitte Stuerm, Doudeger gemellt

Nodeems an den Deeg virdrun besonnesch d’Alpen am Viséier vun immens zolitten Donnerwieder louch, huet et elo Norditalien & de Balkan erwëscht. Et gëtt vun Doudegen geschwat.

Advertisement

Zolidd Onwieder verlagere sech vun den Alpen an de Balkan

Schonn gëschter hate mir eis iwwer zolitt Onwieder an Éisträich ënnerhalen, wou et plazeweis zu extreemen Orkanstéiss vun 163 km/h a ganz grousse Knëppelsteng komm war. Iwwer 10.000 Mënschen ware kuerzzäiteg ouni Stroum. Dëst war e Méindenowend, mee bis gëschter Owend hat sech d’Aktivitéit méi wäit an de Norde vun Italien respektiv och de Balkan virugeschafft. Do ware virun allem Kroatien, Slowenien, Bosnien a Serbien betraff.

Kroatien a seng Haaptstad Zagreb stiechen besonnesch eraus. Zwou Persoune sinn duerch en immens heftegt Donnerwieder ëmkomm – der Wiederstatioun Zagreb/Pleso no si Wandvitessen vun 115 km/h opgetrueden, mee dem Schuedensbild no huet et sech ganz warscheinlech ëm méi héich Vitessen gehandelt. An de Medien si Wäerter bis 180 km/h ze fannen, mee dat kann ee net zu 100% verifizéieren. Et ass all méigleches duerch d’Géigend geflunn, Haiser goufen ofgedeckt an esouguer e Baukran ass ëmgefall. Fir déi meescht Doudesfäll si Géigestänn verantwortlech, déi op d’Leit gefall sinn. A ganz Kroatie goufe méi wéi 100 Persoune blesséiert.

D’Onwieder huet sech um Owend weider a Richtung Serbien verlagert, wouduerch Bosnien betraff war. D’Bild war dat selwecht: Extreem Wandvitessen mat deels 6 cm grousse Knëppelsteng. Zu Doboj koum et an Zäit vun enger hallwer Stonn méi wéi 30 l/m² Reen erofkoumen. D’Konsequenz waren iwwerschemmt Stroossen.

15 cm déck Knëppelsteng bei Venedeg

Superzellulär Donnerwieder hunn och an Italien hiert Onwiese gedriwwen. Queesch iwwert de Nordoste vum Land verdeelt ware Knëppelsteng vun tëscht 5 an 8 cm erofkomm. Lokal huet d’Natur et missen iwwerdreiwen, esouwéi zu Treviso, nërdlech vu Venedeg – Foten an de soziale Medien weise Knëppelsteng mat Gréisste vun tëscht 10 a 15 cm! Et ass esouguer net als onwarscheinlech unzegesinn, dass nach méi grouss Steng dobäi waren. Fir Europa ass dëst definitiv de Verdacht op e neie Rekord. De Schued duerch déi grouss Steng ass natierlech enorm.

Dauergeflacker iwwert dem Gardaséi

En impressionnante Video weist d’Dauergeflacker duerch 200-300 Blëtzer an der Minutt iwwert dem Gardaséi. Dëse Video ass keen Zäitraffer.