
Iwwert dem westleche Mëttelmier forméiert sech en Déif, wat immens kräfteg Nidderschléi widdert d’Südsäit vun den Alpen dréckt. Doduerch ass a Frankräich, Italien an och an der Schwäiz mat vill Reen ze rechnen.
Advertisement
Kill Loftmasse ginn an de Mëttelmierraum transportéiert
Iwwert dem westleche Mëttelmierraum forméiert sech Ufanks der Woch en Déifdrockgebitt, wat temporär méi kill Loftmassen iwwert dat méi waarmt Mier dréckt. D’Konsequenz dovun ass d’Formatioun vu ville Wolleken a Reegebitter. Dës Reegebitter gi widdert d’Südsäit vun den Alpen gedréckt a kënnen dann duerch dës sougenannt “Stau-Situatioun” fir grouss Zommen a net all ze laanger Zäit suergen. Déi kräftegst Nidderschléi sinn tëscht dem Dënschdemëtten an dem Donneschden inclus ze erwaarden, zumools iwwer Norditalien.

Op dëser Kaart gesi mir déi akkumuléiert Reenzommen, déi bis e Freide Mëtternuecht laut däitschem Modell ICON-EU sollen erofkommen. Zumools un der direkter Südsäit vun den Alpen kënnen iwwer 150 l/m² erofkommen, dësem Modell no wiere plazeweis och nach vill méi grouss Zomme net ausgeschloss – d’Berechnunge ginn deels op tëscht 200 a 400 l/m² erop. Dëst géif dann natierlech och erëm an Iwwerschwemmungen, Äerdrëtsch a méigleche “Murenabgängen” resultéieren.