Italien: Op d’mannst zwee Doudeger duerch schro Iwwerschwemmungen

An der italienescher Regioun Emilia-Romagna ass et an der Nuecht op e Mëttwoch duerch de ville Reen zu schroen Iwwerschwemmunge komm. Op d’mannst zwou Persoune si gestuerwen.

Titelbild: @localteamtv op Twitter

Advertisement

Riseg Waassermassen op den dréchenen, haarde Buedem

An der Emilia-Romagna hunn d’Leit ëmmer nach mat de ze Folgen vun den immensen Iwwerschwemmungen ze kämpfen, déi an der Nuecht op e Mëttwoch plazeweis fir dramatesch Zoustänn gesuergt haten. Plazeweis wäit méi wéi 100 l/m² Reen a just e puer Stonnen erofkomm – wéi beispillsweis zu Ferrara, wou vum Dënschdenowend bis an de Mëttwochvirmëtten eran 212 l/m² Reen konnte gemooss ginn.

An der Regioun Fontanelice, an der Géigend vu Bologna, ass en Haus opgrond vun engem Äerdrutsch a sech zesummegefall an huet eng Persoun ënnert sech begruewen – si huet net iwwerlieft. E weideren Doudesfall gëtt et och nach vu Casta Bolognese an der Provënz Ravenna, an där en eeleren Här vun 80 Joer verongléckt ass. Trotz der duerch d’Héichwaasser gespaartener Strooss huet e probéiert, mam Velo doduerchzekommen an ass erdronk.

Duerch d’Onwieder waren e Mëttwoch och eng ganz Partie Schoulen zoubliwwen, besonnesch betraff waren d’Provënzen Ravenna a Bologna. An de Gemengen Dovadola a Modigliana hu ronn 450 Persoune missen evakuéiert ginn, dat duerch Äerdrëtsch.

Déi ganz Geforeregioun huet et schonn zanter laangme mat enger markanter Dréchent ze dinn. D’Biedem konnten déi grouss Waassermassen also net esou liicht ophuelen, wat zousätzlech dozou bäigedroen huet, dass et zu katastrophalen Zoustänn komm ass.

Sourcen: Twitter, Südtirol News, AFP, Kachelmannwetter